Search

You may also like

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!
Neiegkeeten

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!

The Last Jedi ass e Film deen oppe refuséiert, der

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!
Neiegkeeten

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!

Dësen August verzaubert de Rock’n’Classics nees mat engem kulturellen a

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!
Neiegkeeten

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!

Wéi den Trainer John Bierchen matgedeelt huet, kënnt och am

Stauséi: Gratis Reservatioune bleiwen, ginn awer all Dag gebraucht

Stauséi: Gratis Reservatioune bleiwen, ginn awer all Dag gebraucht

Wärend Visiteuren, Touristen a Persounen, déi op der Sich no enger Auszäit waren am leschte Joer just Weekends an u Feierdeeg hu missen hir Plaz um Stauséi reservéieren, esou besteet fir dës Saison all Dag eng Flicht zur Reservatioun.

Ab e Samschdeg, den 22. Mee trëtt d’Moossnam a Kraaft a gëllt bis zum Enn vun der Saison. Maximal 5 Plaze kann ee gratis iwwert www.visit-eislek.lu oder iwwert d’Éislek-App fir sech beusprochen. Mat dësem Reservatiouns-System soll garantéiert ginn, datt déi aktuell sanitär Moossnamen am Kader vun der Corona-Pandemie agehale ginn. Et gëllen déi bekannte Mesuren vun den 2 Meter Distanz zu anere Visiteuren, esou wéi d’Droe vun der Mask, wann een zu méi wéi 4 Persounen beienee sëtzt.

Huet ee just wëlles ronderëm de Stauséi ze wanderen, oder un enger Waasseraktivitéit, wéi Kajak-fueren oder Fëschen deelzehuelen – also un enger Aktivitéit, déi net domadder verbonne ass op enger vun de Plagen ze leien – da braucht een natierlech net am viraus ze reservéieren.

Ma, wien eng oder méi Plaze ugemellt huet, schlussendlech awer net komme kann, gëtt gebiede eng Reservatioun per Mail iwwert info@visit-eislek.lu ze stornéieren an domat aneren interesséierte Persounen d’Chance ze ginn, vun de Plagen ze profitéieren.

D’Käschte vum System gi vun der Regierung iwwerholl, wärend sech den Naturpark Öewersauer an de lokalen Tourismusverband Éislek ëm déi administrativ Aarbechte këmmeren.

Behuelt iech a respektéiert d’Natur!

Datt Offall net an d’Natur, mee an extra dofir opgestallte Poubelle gehéiert, sollt eigentlech net méi missen erwäänt ginn. Grad um Stauséi besteet en héije Risiko, datt Schuedstoffer sech aus dem Offall léisen an domat d’Waasser verknaschten. Denkt och un de richtege Recyclage.

Grillen ass just op bestëmmte Plazen erlaabt. Esou ginn et um Fussefeld (Plage 2) beispillsweis gebaute Griller an och mobil Iessstänn stinn Iech zur Verfügung. Wëllt Grillen a Feier op de Wisen ass verbueden. Dobäi sief och dru geduecht, datt wëllt Campen an Zelten a ganz Lëtzebuerg net erlaabt ass.

Hënn mussen, opgrond vu schlechten Erfarungen an der Vergaangenheet, doheem bleiwen.

Duerch déi finanziell Ënnerstëtzung vum Energie- a Landesplanungsminister wäerte Ranger op der Plaz sinn, fir d’Visiteuren ze informéieren, ze sensibiliséieren an op en eventuell Feelverhalen hinzeweisen.

Zum Schluss gëtt drop higewisen, datt ee mam ëffentlechen Transport onkomplizéiert bis op de Stauséi komme kann. All Informatiounen dozou ginn et op www.mobiliteit.lu.

Opmaacherbild: © Raymond Clement

Related topics Naturpark Öewersauer, Online-Reservatioun, Stauséi, Tourismus, Visit Éislek, Waasseraktivitéiten
Next post Previous post