E gudde Maufel facilitéiert den Echange
Datt eist Land un der Weltaustellung zu Dubai deelhëlt suergt
Elo gëtt virun de 4×60 Gramm Kéiscroquete vun Iglo gewarnt,
Um Méindeg huet de Regierungsrot seng prinzipiell Zoustëmmung zum éischten
Mat ganzer 60 Millioune Kubikmeter Waasser aus dem Drénkwaasserbasseng kann ¾ vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung versuergen. Wien Erhuelung an/oder Spaass an der Natur sicht, dee soll dës och respektéieren. De Stauséi propper an esou och d’Waasserqualitéit héich ze halen, ass déi iewescht Prioritéit. Ma, och de Liewensraum vun zuelräichen Aarte soll erhale bleiwen. De Mënsch léift schliisslech net eleng op dësem Planéit.
Léif Visiteuren, haalt Iech u folgend Reegelen:
Mat neien Offeren huet den Naturpark Öewersauer an de leschte Jore probéiert, e responsabelt a respektvollt Verhalen an der Natur bei de Visiteuren ervirzebréngen. Dobäi kommen zwee Food Trucks, déi zu Ënsber a Lëlz lecker Snacks verkafen. Et schafft ee weiderhin drun d’Offer ze verbesseren, an esou och Produiten aus regionalem Ubau an offallfräi Léisungen anzeféieren.
Esou waart beispillsweis elo der Frau Cool hir Iessbud „Opim’s“ mat leckeren Hotdogs, selwer hiergestalltem Gedrénks a Glace, oder och dem Här Reinertz säi „Flux“ mat super Burgeren, Gedrénks a Glace op Äre Besuch. Si sinn Weekends bei schéinem Wieder op der Plaz. Op ass vu Mëttes bis géint 20:00 Auer.
Ma, och d’Sensibiliséierung steet am Fokus. Nieft Clowns, déi op de Wisen op déi verschidde Problemer hiweisen, gëtt an dësem Joer en neit Konzept virgestallt: Ënnert dem schwedeschen Trend „Plogging“ versteet een nämlech ze joggen, an dobäi Dreck opzerafen. Den nächste Rendezvous ass um 31. Juli zu Ënsber, um 28. August zu Léifreg an um 25. September zu Lëlz. Nom Opwierme gëtt zesummen eng Streck vun ronn 5 km gelaf. Start ass um 18:00 Auer. Umelle muss ee sech am viraus ënnert info@naturpark-sure.lu oder ënnert der Telefonsnummer 89 93 31-1.
Opmaacherbild © Shari Pleimelding/moien.lu