Search

You may also like

Strikt Reegele fir d‘Alters- a Fleegeheemer
Kultur Neiegkeeten

Strikt Reegele fir d‘Alters- a Fleegeheemer

Eng vun de grousse Suerge vum Gesondheetsministère betrëfft eis Alters-

Brasilien: Justiz hieft Urteeler géint de Lula op
Kultur Neiegkeeten

Brasilien: Justiz hieft Urteeler géint de Lula op

Den ieweschte Geriichtshaff an der Haaptstad Brasilia huet matgedeelt, datt

De Projet „mateneen fir eng modern Gemeng“ geet a seng zweet Ronn!
Kultur Neiegkeeten

De Projet „mateneen fir eng modern Gemeng“ geet a seng zweet Ronn!

Mat Hëllef vum participative Prozess „mateneen fir eng modern Gemeng“

Steampunk zu Iechternach

Steampunk zu Iechternach

Nodeems et den 13. a 14. Juli an der Abteistad Iechternach zu de bekannten Iwwerschwemmunge komm war, a jo och gewosst ass dat de Schued grouss ass, wollt een dann awer net all ofsoen, wat esou u Summeraktivitéite geplangt war. An esou konnt d‘Editioun vun der Steampunk Konventioun dann dëse Weekend awer stattfannen, wann och an engem reduzéierte Kader.

D‘Héichwaasser dat Iechternach an de Wiergegrëff geholl hat, huet Spuren hannerlooss. Vill vun de Geschäfter am Stadkär hunn hir Dieren nach ëmmer zou, iwwerall sinn se um botzen a raumen. Wou et geet ginn d‘Gäscht empfaangen an vill Gastronomen si frou iwwert eng Terrass ze verfügen, fir dann awer d‘Liewen nees – wann och mat Ofstrécher – ze genéissen. Lamentéieren hëlleft jo net.



Bei allem Misär muss et méiglech sinn d‘Séil eppes baumelen ze loossen, mee wéi ee gesäit, et wäert den Iechternacher nach laang an Erënnerung bleiwen. © Martine de Lagardère / moien.lu

An dësem sécherlech eppes Triste Kader huet et dann awer hell erliichte Gesiichter ginn, an et war flott ze gesinn, datt d Terrasse gutt besat waren. An dësem faarwege Summerbild hunn déi puer Fans vun der viktorianescher Zäit mat neier Ausriichtung, genannt Steampunk, sinn engem richteg opgefall. Et gouf awer mat manner Gäscht gerechent, wichteg war allen et stattfannen ze loossen.

Dat ass gutt a wichteg a weist, datt ee weder d‘Äerm nach de Kapp hänke léist. Natierlech hat et wesentlech manner Stänn, mee et gouf ganz vill attraktiven Tinnef ugebueden, d‘Präisser waren abordabel an der Service allgemeng frëndlech an entgéintkommend. U Fotografen déi alles am Bild musse festhalen huet et net gefeelt, an déi „verkleeten“ waren nawell eppes an Usproch geholl ginn.

Foto: Datt d‘Steampunk Konventioun zu Iechternach stattfënnt ass eng gutt Saach, zudeem fëllt et d‘Stad mat Liewen an eppes gutt Laun. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Iechternach, Konventioun, Steampunk, Summervakanz, Tourismus
Next post Previous post