Search

You may also like

Ee Joer feste Prisong wéinst Vergewaltegung
Neiegkeeten

Ee Joer feste Prisong wéinst Vergewaltegung

Leschten Dënschdeg, ass op der Cour d‘Appell zu Lëtzebuerg, e

Och d‘Meenungsfräiheet huet hir Grenzen
Neiegkeeten

Och d‘Meenungsfräiheet huet hir Grenzen

Am neie Joer, gëtt et Parteien déi de Bléck no

Scooter a Bedrängness
Neiegkeeten

Scooter a Bedrängness

Do denks de der näischt Schlechtes, an dann trëfft dech

Et geschéien nach Zeechen a Wonner

Neie Stéchdag fir d‘Kommunalwalen ass op den 11. Juni festgeluecht ginn

Et geschéien nach Zeechen a Wonner

En Donneschdeg huet d‘Inneministesch Taina Bofferding de „Büro“ vum Stied- a Gemengesyndikat Syvicol empfaangen. E wichtege politeschen Termin, bei deem et drëms goung den Datum vun den nächste Gemengewale festzeleeën.

Dës Wale fannen den 11. Juni 2023 Statt, och wann d‘Modifikatioun vum Walgesetz aus dem Februar 2003 an dem Kommunalgesetz vun 1988 nach mussen ugekënnegt ginn. Wat déi zivil Zeremonie betrëfft, esou huet d‘Inneministesch de Syvicol-Vertrieder erkläert, dat et en Avant-Projet fir ee Gesetz huet. Den Text vun dësem wier a Kollaboratioun mam Justizministère ausgeschafft ginn a soll zäitno an der Chamber deponéiert ginn.

An dësem Gesetzprojet geet drëms festzehalen, dat déi sougenannt „zivil Zeremonien“ net méi zwéngend an der Märei mussen ofgehale ginn. Dat kann, wann de Schäfferot aner Standuerter bestëmmt, och anerwäerts stattfannen. D‘Auswiel vun dëse Plazen/Standuerter berout op sechs Kritären. Déi nächst Entrevue tëscht Syvicol an Inneministesch ass op Mëtt-Oktober fixéiert ginn.

Bleift nach ze ernimmen, datt och den Educatiounsminister Claude Meisch un dëser Entrevue deel geholl huet. Seng Uwiesenheet huet sech op den Echange betreffend de Kontext vun der Reform vum musikaleschen Enseignement bezunn. Hei huet jo d‘Regierung och grousse wëlles, wat sech allerdéngs herno an der Verantwortung vun de Gemengen erëmfënnt.

Foto: © MINT

Related topics Claude Meisch, Educatiounsministère, Inneministère, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post