Search

You may also like

Multimodalitéit fir jiddereen
Neiegkeeten

Multimodalitéit fir jiddereen

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg,

Editorial: Vu politeschen Imperfektiounen a rhetoreschen Aussetzer
Neiegkeeten

Editorial: Vu politeschen Imperfektiounen a rhetoreschen Aussetzer

Iert een iwwert en hierfält, ass e gutt Beroden sech

D’Taina Bofferding geet a Gemengen, déi staark ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn
Neiegkeeten

D’Taina Bofferding geet a Gemengen, déi staark ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn

Ronn eng Woch no den zum Deel katastrophalen Iwwerschwemmungen uechtert

Stéchwuert Liewensmëttelsécherheet: Wou si mir drun?

Stéchwuert Liewensmëttelsécherheet: Wou si mir drun?

Um haitege Mëtteg konnt een an der Stad um Mëtteg vum Konsument deelhuelen an esou méi gewuer ginn zur Liewensmëttelsécherheet an der Europäescher Unioun an zu Lëtzebuerg. Op der Plaze waren eng Rei Experten aus dem Secteur, déi all Froe beäntwert hunn a gäre Recommandatioune vun der Bevëlkerung ugeholl hunn.

D’EU zielt iwwer 500 Millioune potentiell Konsumenten déi vun de staarke Liewensmëttelkontrollen, Normen a Richtlinne profitéieren. Am Haus vun Europa um Krautmaart ware folgend Experten dobäi, fir d’Situatioun ze erklären: De Patrick Hau, Chef de Division vun der Liewensmëttelsécherheet, d’Elisa Barilozzi, Responsabel vum méijärege Plang an EFSA, d’Carole Goebel, Responsabel am Beräich vun den Alerten, Fabienne Clabots, Coordinatrice vun der analytescher kontroll a Chef de Divisioun vun der Liewensmëttelsécherheet, d’Laurence Zeghers, Coordinatrice vun spezielle Liewensmëttel a vum Etiquettage, sou wéi de François Zimer, Coordinator vun der Inspektioun vun der Liewensmëttelsécherheet.

Fir unzefänken huet de Patrick Hau mat der Geschicht vun dësem Beräich ugefaangen. Schonn am réimesche Räich sinn et Kontrolle vun de Liewensmëttel ginn, fir esou de Konsument viru Bedruch a seng eege Gesondheet ze schützen – also alles deemools scho wéi haut. Am Mëttelalter si schliisslech Qualitéitsnormen dobäi koum, wéi beispillsweis datt Schwiefel am Wäin muss sinn, oder och spéider d’Reinheitsgebot fir de Béier.

Kontrolle sinn do natierlech och mat Strofe verbonnen. Wou ee fréier virun der versammelter Bevëlkerung gefoltert ginn ass, wëll d’Bréidercher ze kleng waren, do gëtt haut mat Geld- a Prisongsstrofe gedreet. Säit dem neie Gesetz vum 28. Juli 2018 sinn och d’Sanktiounen eropgaangen. D’Héchststrof läit elo bei 3 Joer Prisong an 500.000 € Strof.

Liewensmëttelsécherheet

Patrick Hau, Chef de Division vun der Liewensmëttelsécherheet © Shari Pleimelding/moien.lu

Dës weideren mussen awer och säit leschtem Joer d’Resultater vun de Kontrollen ëffentlech gemaach ginn. Wien eng zweet Kéier vun der Liewensmëttelsécherheet besicht gëtt, dee muss mëttlerweil Taxe bezuelen. Zënterhier gëtt awer och beispillsweis ee System offréiert, bei deem een d’Alerten op de Computer oder den Handy geschéckt kritt.

Och haut nach geet et beim sougenannte „General Food Law“ ëm d’Sécherheet, d’Gesondheet an den Interessi vum Konsument. Beim Gesetz gëtt virgeschriwwen, datt all Trace vun de Liewensmëttel, also vum Fournisseur bis hin zum Client mussen noweisbar sinn. Donieft ginn et divers Reegelungen fir Zousazstoffer, d’Hygien, Informatiounen a villes méi. Derbäi komme Qualitéitsnormen an Direktive fir speziell Produiten.

Wat ee bedenke sollt ass, datt et ëmmer Reegelungen um nationalen (also zu Lëtzebuerg) a koordinéierten (all Memberstaaten) Niveau ginn. D’Autoritéite sammelen Informatiounen a plangen dann de Wee fir déi nächst Joren. Dobäi gëtt bestëmmt, wat a wien kontrolléiert gëtt. Um Niveau vun der EU ginn uschléissend d’Resultater verglach an analyséiert. D’Kontrolle kënnen zu all Zäit an ouni Ukënnegung organiséiert ginn. Am schlëmmste Fall muss uschléissend ee Produit vum Marché gezu ginn. Uschléissend geet eng Informatioun, oder och Alerte un d’Konsumenten eraus.

Am Kader vun der Diskussiounsronn ass kloer gestallt ginn, datt no den EU-Normen all Inhaltsstoff op der Etikett vermierkt muss sinn. Genau Ugaben, wéi vill Prozent vu wat wou dran ass, mussen allerdéngs just dann opgelëscht ginn, wann offensichtlech Publicitéit mat genau deem Stoff gemaach gëtt. Hei koum de Virschlag, datt een an Zukunft generell emol all Inhaltsstoff genau kennzeechne sollt.

Donieft koum awer och d’Bemierkung, datt de Gesondheetsministère mat de Schoulen zesumme schaffe misst, fir esou de Kanner méi Informatiounen zur Gesondheet an der Zesummesetzunge vun de Produiten ze ginn, sou datt och si an Zukunft net oniwwerluecht iergendeppes am Supermarché kafen.

Zum Thema Kontrolle kann een nach soen, datt d’Liewensmëttelinspektioun virun allem an dene Beräicher oft optrëtt, déi vu vir eraus negativ opfalen. Et probéiert een generell am 3 Jorestakt ee mol den Tour vum Secteur Horesca gemaach ze hunn. Allerdéngs géif dat duerch de Mangel u Personal net ëmmer geléngen. De François Zimer huet dann och d’Geleeënheet genotzt fir ze ënnersträichen, datt een d’Liewensmëttelsécherheet just da kontaktéiere soll, wann ee reelle Verdacht besteet, an net wann een engem Restaurant oder Café eng auswësche wëll.

An Zukunft muss de Konsument weiderhi gutt hikucke, wat op der Verpakung steet. Jo, et hëlt Zäit an Usproch, an awer sollt ee sech déi puer Minutten u Lektureszäit huelen, wann een op eng gesond an equilibréiert Ernierung oppasse wëll, respektiv eng Allergie besteet.

Iwwregens gëtt et do een Ënnerscheet tëscht normalen Alerten, bei der generell de Produit net méi consomméiert soll ginn, an der Alerte fir Allergiker. Heibäi betrëfft d’Warnung nämlech just déijéineg, déi ee bestëmmte Stoff net verdroen.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Gesondheetsministère, Liewensmëttelsécherheet, Maison de l‘Europe, Patrick Hau
Next post Previous post