Search

You may also like

Chamber: Realistesch Utopie oder utopesch Realitéit?
Kultur Neiegkeeten

Chamber: Realistesch Utopie oder utopesch Realitéit?

Et ass virstellbar, datt sech gëschter am Nomëtteg vill Mënsche

CSV: 2019 e Joer vun de Changementer
Kultur Neiegkeeten

CSV: 2019 e Joer vun de Changementer

Et war nawell vill Lass am Kulturzenter „Am Sand“ zu

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp
Kultur Neiegkeeten

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp

Um haitege Mëtteg sinn de Buergermeeschter, wéi och dräi Schäffe

Steesel féiert de Weltbuchdag

E multilinguisteschen an artisteschen Event

Steesel féiert de Weltbuchdag

Déi Steeseler Gemeng, zesumme mat der Steeseler Kulturkommissioun invitéieren am Kontext vum Weltbuchdag, op e multilinguisteschen an artisteschen Event an. Zu dësem Zweck hu si sech zwee vun eise beléiftsten „kreativ aktiven“ agelueden: den Alex Fohl an den André Mergenthaler.

An der Aluedung ass ze liesen, datt den Alex Fohl, wann hie schonn net konnt Museker ginn, et wéinstens zum Schrëftsteller sollt reechen. Hien ass awer och en Artist wéi en am Buch steet. E bezeechent sech selwer gären als „Foto-Poet“ woubäi „Geschichten erzielen“ – wann ech gelift mat engem philosopheschen Touch – säin „Truc“ ass. Als „head of Artichocs“ enger internationaler Plattform fir d‘Promotioun vun der Konscht, huet den Alex Fohl, déi richteg Viraussetzungen.

Bei der Liesung gëtt den „Auteur“ vum Cellist a Komponist André Mergenthaler begleet. Dat ass ee vun de Museker deen een net méi virstelle muss. Hien huet schonn esou gutt wéi op der ganzer Welt „musizéiert“ – wourënner eng Kéier op der Erëffnung vun der UN-Haaptversammlung.

Den Owend ass also villverspriechend, a well den Entrée och nach „gratis“ ass, gëtt et och net wierklech eng Excuse sech dësen Event entgoen ze loossen. Et sief mat Bicher a Musek kéint een näischt ufänken. Fir all déi aner heescht sech den 23. Abrëll am Kalenner rout umolen. Da fënnt am „Kultursall Steesel“ (Schoul-Campus) um 20 Auer dëst flott Fest statt. Kommt a maacht mat.

Foto: Eli / Pixabay

Related topics Alex Fohl, André Mergenthaler, Kultrukommissioun, Kultursall Steesel, Steesel, Weltbuchdag
Next post Previous post