Search

You may also like

USA: Masseschéisserei statt Summerparty
Auto Stories

USA: Masseschéisserei statt Summerparty

Et ass Summer an et huet alles ugefaange wéi een

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken
Auto Stories

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken

Reklamm ass eigentlech genuch gemaach ginn, a wiem et trotz

Impfprivilegien… oder just ethesch Ausrutscher? (Kommentar)
Auto Stories

Impfprivilegien… oder just ethesch Ausrutscher? (Kommentar)

Si gesinn sech selwer als d‘Elite vum Land, si fir

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn

Um Sonndeg zu Steesel, beim Fräizäitzenter Norbert Melcher, war trotz groen Himmel vill lass. Sëllech Autofrënn ware mat Begeeschterung op déi drëtt Editioun vum Steeseler Young & Oldtimer Dag komm.

Porsche 356, den James Dean hat och esou een

Do ware fir unzefänken all déi, wou een alt Gefier haten. Dat ass vum Moto, zum Auto iwwert de Camion bis zum Trakter gaangen. Mee natierlech och déi grouss Unzuel u Virwëtzegen, déi sech de Spektakel net wollten entgoe loossen. An et gouf och masseg ze gesinn.

De President vum Organisatiounscomité, Fränz Mangen, huet drun erënnert, datt dat ganzt virun dräi Joer als Virschlag an der Kommissioun virbruecht ginn ass. A well schonn déi éischte Kéier den Evenement ee grousse Succès hat, huet dësen Dag seng fest Plaz am Kalenner vun der Gemeng kritt.

“The Rodarunners” Country wéi ee sech dat net besser virstelle kann

Verdéngt, wëll och d’Veräiner aus der Gemeng dësem Dag, duerch hir Ënnerstëtzung – si hunn fir Iessen a Gedrénks gesuergt – de Stempel opdrécken. An D’Stëmmung war och entspriechend gutt. En Dag fir déi ganz Famill, mat kontaktfreedegen Autobesëtzer, déi all Froe gäre beäntwert hunn. Musikalesch encadréiert ginn ass dat ganzt vun der Countryband „The Roadrunners“ déi mam Mil Garafalo fir gutt Laun gesuergt huet.

Al a net méi ganz Jonk Gefierer

De Fränz Mangen, selwer passionéierten Oldtimer-Fan a stolze Besëtzer vu sechs Autoen, dorënner een NSU Spider vun 1965 mat Wankel-Motor huet eis den Oflaf vum Dag erkläert. Bis 12 Auer haten sech 59 Autoe fir de „Concours“ ageschriwwen. Hei sinn et dräi Präisser ze gewanne ginn an d’Jury sollt et och dëst Joer net einfach hunn.

Och de Buick hätt sech ee Präiss verdéngt gehat

Ausgewielt ginn ass bei den Oldtimer (Autoen iwwer 30 Joer al) bei den Youngtimer (tëscht 20 an 30 Joer al) an nach de Präis vun der Jury. Bei läschterem handelt sech ëm de „Coup de coeur“ also engem Gefier dat der Jury (dräi Leit) mam President vun de Federatioun am flottste gefall huet. Bei der Auswiel zielen Ausgesinn a Originalitéit.

Gewonnen huet bei den Oldtimer ee BMW 502 vun 1956, als schéinste Youngtimer huet ee Peugeot 205 GTI aus den 80er sech ervirgedoen. De Favorit war ee Lincoln. Wëll de Besëtzer et entweder net matkritt huet oder schlicht verpasst huet, rifft den Fränz Mangen dësen op sech wann ech gelift ze mellen. Hei ass nach ee schmocken Akafsbong ofzehuelen.

Geckeg ass net Verréckt

D’Tamara Ersfeld, dat mer schon um Fest fir d’Natur kennegeléiert haten, war zesumme mat sengem Mann an enger ganzer Equippe vun Traktoristen ugereest. Hir al Gefierer waren tëscht den Autoen d’Exote vum Dag. Besonnesch d’Kanner ware vun dësen historesche Gefierer begeeschtert. Et waren dann e puer gelleg Raritéiten derbäi.

En éischter seltent Stéck, ee Güldner

Ganz iwwerzeegend eng Band vun „VW Bulli“ Besëtzer. Hei si mir op de Nun gestouss, deen dat mat den Oldtimer vu sengem Papp geierft huet. Dat hie beim VW Bulli gelant ass, huet mat sengem Faibel vir Camping ze dinn. Nodeems hie mat der Fra e grousse Camper hat a schnell huet misse feststellen, datt een domadder net dohi kënnt wou ee wëll, ass no eppes méi „kompaktem“ gesicht ginn.

Et huet sech erginn, datt den VW T2 Westfalia eng passend Alternativ war, déi all den Ufuerderungen a Wënsch entsprach huet. A wéi dat am Liewen esou geet, stoung op emol nach en T3, natierlech och ee Westfalia, an der Garage. Gutt, wéi seet de Fransous: „Jamais deux sans trois“ a et ass komm wéi et huet misse kommen. Et steet dann och nach ee VW T1 Westfalia an der Rei. A wann de Nun och schwiert, et wier dee leschten, ganz iwwerzeegt huet hien eis net.

De Nun, eng ganz Aramada un VW “Westfalia” huet hien an der Garage

An mer hunn nach eng ganz Rëtsch léif Besëtzer getraff. Do wieren déi zwee mat hire Camino’e gewiescht, déi net nëmmen um Comptoir vill vun hire Gefierer ze erzielen haten, mee och soss gutt drop waren. Oder ofschléissend, déi jonk Borschte mat engem Opel Rekord an engem Cinquecento Combi. All ee bëssche geckeg awer kee verréckt. Et war eis jiddefalls eng grouss Freed hinnen alleguerte begéint ze sinn.

Méi Biller vum Dag an eiser Gallerie

Related topics Auto, Oldtimer, Steesel, Youngtimer
Next post Previous post