Revolutionär: d‘Steiererklärung gëtt 100% digital

De Finanzminister Pierre Gramegna an den delegéierte Minister fir d‘Digitaliséierung, Marc Hansen (allebéid DP) hunn ee Méindeg déi digitaliséiert Steiererklärung virgestallt. An dem 7. Februar 2022 gëtt d‘Steiererklärung vum Aussteller bis zum Steierbeamten zu 100% digital.

Eng wuel gutt a vu villen erwaarte „Léisung“ well dat mam „PDF“ war méi Misär wéi Hëllef. Et sollen awer net direkt all d‘Leit vun dëser neier digitaler Steiererklärung profitéieren. Fir dat éischt Joer, si just Salariéeën, Pensionären an där Leit déi ee Revenu aus Locatioune bezéien. Dat sinn ëmmerhin eng 70% vun de Contribuabelen. Natierlech gëllt de System och fir d‘Frontalieren.

Fir de Marc Hansen huet den neien „Assistent“ vu MyGuichet ganz vill Virdeeler. Dëse Programm wier dynamesch an ergonomesch, behaapt den Expert an Informatik vun der Regierung. Wat un enger Steiererklärung ergonomesch soll sinn, ass net wierklech ersiichtlech, mee et geet hei och ëm politesch Aussoen. Et passt awer an de wëllen, Lëtzebuerg a seng Residenten ze digitaliséieren…

Et wier eng Initiativ vun der Steierverwaltung an dem Zenter vun den Informatiounstechnologie vum Staat (CTIE), déi eng weider Etapp am Projet eGouvernement an der Vereinfachung an der Moderniséierung vum Austausch vun der Bierger mat de Verwaltungen. Dat Ganzt ass dann och Deel vun der „Strategie zur elektronescher Gouvernance“ (2021/2025) déi vum Ministère fir Digitaliséierung an dem CTIE ausgeschafft ginn ass, an am Regierungsrot guttgeheescht ginn ass.

Op der Säit vun der Steierverwaltung – hei leeft nach alles op franséisch – sollen nach virum 31. Dezember weider Informatiounen zur Eligibilitéit an anerem méi verëffentlecht ginn. Sënn an Zweck ass et, d‘Traitementer vun der Steiererklärung eppes méi zäitno ze erleedegen. Et heescht tatsächlech, datt e bannent 15 Deeg géif eng Äntwert vun der Steierverwaltung kréien. Interessant…

Latest news
Related news