Search

You may also like

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel
International Neiegkeeten

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel

Et gi wéineg Nimm, déi so grouss an nohalteg kléngen

E leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz
International Neiegkeeten

E leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz

Beim leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz huet sech de

Expo „I know how furiously your heart is beating“ vum Alec Soth
International Neiegkeeten

Expo „I know how furiously your heart is beating“ vum Alec Soth

Nach bis de 30. Abrëll 2021 stellt den amerikanesche Fotograf

Portugal wëll Steierprivilegie fir auslännesch Rentner ofschafen

Portugal wëll Steierprivilegie fir auslännesch Rentner ofschafen

D‘Regierung zu Lissabon wëll fir déi auslännesch Rentner, déi hire Liewensowend a Portugal déi bestoend Steierprivilegien zumindest partiell ofschafen. Dat zumindest geet aus engem gëschter vun de Sozialiste virgeluechte Gesetzprojet esou ervir.

Laut dësem Entworf, sollen déi Pensionäre wou zukünfteg hir Zelter a Portugal opschloen, eng Akommessteier vu bis zu 10% bezuelen. Bis ewell war et esou, datt Auslänner déi sech op mannst sechs Méint pro Joer am Land ophalen, iwwert en Zäitraum vun zéng Joer steierbefreit waren.

D‘Steierprivilegie fir auslännesch Rentner waren 2009 agefouert ginn. Sengerzäit hat Portugal et mat enger schwiereger Finanzkris ze dinn, a mat der Befreiung vun de Rente vun der Akommessteier, sollt d‘Attraktivitéit vum Land fir Rentner gesteigert ginn.

Eng Rechnung déi sech opgaangen ass. Dausende Rentner – besonnesch därer mat decke Bezich – hu sech an de leschte Joren esouwuel zu wei ëm Lissabon, mee och an der Algarve, néiergelooss. Interessant: et si besonnesch d‘Briten, d‘Fransousen an d‘Italiener, déi d‘Offer genotzt hunn.

mat indymedia/lis

Foto: © Annie Spratt / unsplash

Related topics Portugal, Rentner, Steieren, Steierprivilegien
Next post Previous post