Search

You may also like

Slowenien viru Rotspresidence ënner Drock
Neiegkeeten

Slowenien viru Rotspresidence ënner Drock

Zum 1. Juli soll Slowenien d‘EU-Rotspresidence vu Portugal iwwerhuelen, an

Editorial: Vun houerem Miel a houerem Paangech
Neiegkeeten

Editorial: Vun houerem Miel a houerem Paangech

Op de Virstand vun de Robert Schuman-Spideeler, ee fréieren DP-Minister

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus
Neiegkeeten

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus

Dem Milliardär aus dem Wäissen Haus seng Virléift fir de

Wann ee sech et net méi leeschte kann, ze tanken…

Wann ee sech et net méi leeschte kann, ze tanken…

D‘Energiepräisser klammen ëmmer weider an dinn och ëmmer méi Leit wéi. Besonnesch akommesschwaach Persounen riskéieren d‘Energiekäschten net méi droen ze kënnen. De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) fuerdert finanziell Ënnerstëtzung an e Prässtopp.

Zënter Ufank 2021 sinn d‘Präisser vum Naturgas ëm iwwer 300 % geklommen, an och d‘Verbraucherpräisser goufen am Duerchschnëtt ëm 60 % an d‘Luucht gedréckt. Dobäi kennt d‘Präisexplosioun un der Zapsail.

Den Diesel a 95er Bensin krazen un der Grenz vun 1,50 € de Liter, 98er Bensin souguer un der Mark vun 1,60 € de Liter. Ënnerhalb vun engem Mount koum et zu 6 Präiserhéijungen. Hei ass et d‘Kombinatioun aus den héije Präisser vum Äerdueleg (83 US-Dollar pro Barrel) an der CO2-Steier, duerch déi méi déif an d‘Täsch gegraff muss ginn.

Dës Energiepräisser féieren net nëmmen zu engem beklemmte Gefill, wann ee fir nächst Tanke muss oder den Uelegtank doheem nei opgefëllt muss ginn. Persounen a Famillen déi en niddregt Akommes hunn gi besonnesch haart getraff. „Laut ULC kann et dach net sinn, datt elo ëmmer méi akommesschwaach Menage sech un d‘Sozialämter wenne mussen, fir finanziell Ënnerstëtzung ze erhale fir hir Energiekäschte bezuelen ze kënnen“, schreift de Konsumenteschutz.

Aus dësem Grond fuerdere si zum engen, datt genee dës akommesschwaach Famillen vum Staat ënnerstëtzt ginn. Zum aneren misst endlech e Prässtopp bei den Energiepräisser a Betruecht gezu ginn, esou wéi et och schonn a Frankräich de Fall ass.

Annexe:

Opmaacherbild: © Stormseeker / unsplash

Related topics Barrel, Bensin, CO2-Steier, Diesel, Energiepräisser, Finanziell Ënnerstëtzung, Konsumenteschutz, Präisstopp, ULC, Zapsail
Next post Previous post