Search

You may also like

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter
Kultur Neiegkeeten

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter

Wéi d’Gemeng Réiden/Attert op de soziale Medie matgedeelt huet, sinn

E Mönch an der Fläsch
Kultur Neiegkeeten

E Mönch an der Fläsch

De Clausel „Monk“ ass nees een vun de méi spezielle

Asperger ass net gläich Asperger!
Kultur Neiegkeeten

Asperger ass net gläich Asperger!

„Du bass Asperger? Da bass de jo e Genie!“ oder

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge

En Donneschdeg, den 23. Mee 2019 luet déi sechskäppeg Band „Stelise“ aus Lëtzebuerg op hiren Akustikconcert an der Purple Lounge an! Ab 21:00 Auer stelle si am Casino 2000 zu Munneref hiren éischten Album „If There Is An Escape“ vir.

Den Entrée vir dëse phenomenale Concert kascht 9 € an ass ausschliesslech u volljäreg Persounen geriicht.

Dir kennt Stelise nach net?!

Am Dezember 2017 ass d’Grupp op Waimes (BE) an d’GAM Studioe gaangen, fir do hiren éischten Album opzehuelen. Mat groussem Succès konnten si déi nei Lidder de 5. Oktober 2018 an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht presentéieren. D’Songs vum Elise Nunes an dem Steve Richer thematiséieren haaptsächlech Ausrieden am Liewen, Politik, Léift, Haass an Elleng sinn. Just d’Musek kann dobäi Heelung am ganze Leed spenden.

D’Kläng erënneren u roueg Rockstecker aus de 70er an 80er Joer vu Bands wéi Pink Floyd oder Radiohead. Si selwer definéiere sech als melodesch Rockband mat Aflëss vum Trip-Hop. Bei hirem Akustik-Concert am K116 wäerte si och ënnert anerem ee ganz perséinlecht Stéck presentéieren. D’Wierk mam Titel „Ana“ handelt iwwert d’Anorexie.

Am August 2016 huet de Projet ugefaangen. Zeusmme mam Gittarist Steve Richer an der Sängerin Elise Nunes, woubäi de Bandnumm eng Mëschung aus dësen zwee Nimm ass, hunn si een éischt Akustik-Lidd mam Titel „Empty“ erausbruecht. Am weidere Verlaf ass aus dem Duo schliisslech eeng véierkäppeg Band entstanen, déi momentan ëmmer méi bekannt gëtt am Grand-Duché. Ee Grond méi, wisou ee sech dësen Optrëtt net entgoe loosse sollt!

Méi zu Stelise fannt Dir natierlech op FacebookInstagram Youtube. Een éischte Virgeschmaach kënnt Dir Iech och schonn hei huelen! De Programm vun der Brasserie K116 steet scho bis Enn Juli fest a kann HEI consultéiert ginn. Mir wënsche vill Spaass!

Related topics Casino 2000, Concert, If there is an escape, Purple Lounge, Stelise
Next post Previous post