Search

You may also like

Weider Verschlechterungen: Elo och Bloalgen zu Rëmerschen!
International Neiegkeeten

Weider Verschlechterungen: Elo och Bloalgen zu Rëmerschen!

No der Rommwiss an dem Séi zu Wäisswampech konnt elo

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten
International Neiegkeeten

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten

Et war de Weekend vun de Rabbel- a Klatzkäpp. An

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass
International Neiegkeeten

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

Zu Bréissel war d‘Stëmmung um Donneschdeg eppes méi gereizt wéi

Stëllstand beim Klimaschutz?

Trotz der Ofso vun der Klimakonferenz zu Glasgow wier de Klimaschutz um gudde Wee...

Stëllstand beim Klimaschutz?

Wéinst der Covdi19-Pandemie huet d‘Klimakonferenz zu Glasgow missen annuléiert ginn. Et géif awer kee Stëllstand beim Klimaschutz ginn, ganz de Géigendeel wier de Fall. An de leschte Woche gouf et hei erfreelech Entscheedungen. Déi mussen dann awer och an Doten ëmgesat ginn.

Bis 2030 wëll d‘EU-Kommissioun den Ausstouss vun Zäregaser däitlech reduzéieren. Méi wéi bis ewell ugekënnegt. Si huet sech esouguer virgeholl bis 2050 guer keng CO²-Emissioune méi an d‘Loft ze blosen. Ob d‘EU et allerdéngs tatsächlech pake kann, Klimaneutral ze ginn, datt muss dann nach ënner Beweis gestallt ginn. Mee de Virstouss schéngt Schoul ze maachen.

Esou huet sech och China zur Klimaneutralitéit bekannt, och wann si sech dofir bis 2060 Zäit loosse wëllen. Japan a Südkorea hu sech dann och de Chinesen ugeschloss. Fir den Niklas Höhne vum „New Climate Intitute“ zu Köln, ass dat eng begréissenswäert Noriicht. Trotzdeem bleift ze bedaueren, datt d‘COP26, bei där d‘Länner konkret Pläng zur Reduktioun vun der CO²-Bilanz hätte misse virleeën, net stattfanne konnt. Et wier dee wichtegste Sommet zanter Paräis 2015 gewiescht.

Interessant och d‘Noriicht, datt sech de méiglecherweis zukünftegen US-President Joe Biden, fir de Klimaschutz ausgeschwat an annoncéiert huet, datt esoubal wéi hien am Amt ass, sech och d‘USA zur Klimaneutralitéit bis 2050 géife bekennen. Dat awer wäert sech nëmme realiséiere loosse wann d‘Demokraten och d‘Majoritéit an de zwou parlamentaresche Kummeren hunn (Kongress a Senat).

Et gëtt héich Zäit

Sollt dat net de Fall sinn, misst de 46. US-President den CO²-Ausstouss per Dekret reguléieren. Hei kann sech de Joe Biden op de Réckhalt vu progressive Bundesstaate wéi Kalifornien verloossen. An dësem US-Bundesstaat soll d‘Produktioun vun Autoe mat engem Verbrennungsmotor ab 2035 schlicht an ergräifend verbuede ginn. Ob dat alles realistesch ass, steet op engem anere Blat.

Gesäit een emol vun der US-Spezifizitéit of, esou dierf constatéiert ginn, datt sech ëmmer méi Länner der Klimaneutralitéit verflicht hunn. Wann all d‘Länner, déi sech dësem Zil verschriwwen hunn, dat och an hir Wirtschaftsbezéiungen afléisse loossen, dierften och déi „renitent“ Länner séier den Uschloss fannen. Wien net matmécht, sollt mat enger sougenannter Klimasteier rechnen.

De Klimaexpert vum WWF, Patrick Hofstetter, stellt erfreet fest, datt d‘Iddi vu Paräis, laut där sech d‘Länner géigesäiteg motivéieren an ënner Drock setzen, sech duerchzesetze schéngt. Hie gëtt hei allerdéngs och ze bedenken, datt d‘Regierungen et relativ einfach hunn, haut eppes ze verspriechen, wat si eréischt an 30 Joer aléise mussen. Mengen si et allerdéngs eescht, brauch et elo zäitno och konkret Pläng, wéi datt ka realiséiert ginn. Dat dierft vill Regierungen iwwerfuerderen…

Et muss och drun erënnert ginn, datt schon de Paräisser Accord schon esou „Pläng“ verlaangt huet. Net ze vergiessen, datt och weiderhin déi Europäesch Unioun, d‘USA a China wäerten d‘Basis schaffe fir déi néideg Schrëtter ze ënnerhuelen. Kréien déi sech zäitno op eng gemeinsam Richtung verstännegt, géif den anere Länner näischt iwwreg bleiwe wéi sech unzeschléissen.

mat indymedia/lon/cgn

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics CO²Emissiounen, COP26, Glasgow, Klimaneutralitéit, Klimaschutz, Klimaschutzkonferenz, Zäregaser
Next post Previous post