Search

You may also like

US-Dron un der iranescher Küst ofgeschoss
Neiegkeeten

US-Dron un der iranescher Küst ofgeschoss

D‘Amerikaner schécken eng Dron iwwert den Iran fir ze spionéieren

Healing of Memories Luxembourg – eng nei Associatioun huet d’Liicht vun der Welt erbléckt!
Neiegkeeten

Healing of Memories Luxembourg – eng nei Associatioun huet d’Liicht vun der Welt erbléckt!

Et war am November 2008, wou de Michael Lapsley, Grënner

Sea-Watch 3: Der Crew dreet de Bing
Neiegkeeten

Sea-Watch 3: Der Crew dreet de Bing

Nodeems d’Sea-Watch 3 virun e puer Deeg an der Sich-

Réckféierung vu mannerjäregem Georgier, Stellungnam vum Minister

Réckféierung vu mannerjäregem Georgier, Stellungnam vum Minister

Et hat vill Rumeuren an eng grouss Mobilisatioun an de sozialen Netzwierker ginn, well e jonke Georgier vun 12 Joer mat senger Mamm ënner Zwang a seng Heemecht zréckgefouert gi war. Geschitt ass dëst den 12. Oktober.

De Minister fir Immigratioun an Asyl, Jean Asselborn bestätegt d’Aktioun a wëll zum Virfall eng Stellungnam ofginn:

„Et gehéiert sech ze ënnersträichen, datt eng Réckféierung ënner Zwang nëmmen no enger fundéierter Analys vum Dossier geschitt, an eng Mesure vun der leschter Instanz ass. Dat besonnesch da wa scolariséiert Kanner vun der Moossnam betraff sinn.

Et ass dann och an dësem Sënn wou d’Legislatioun am Beräich vun der Immigratioun am Dezember 2015 ugepasst ginn ass, fir de Fall vu scolariséierte Kanner, déi méi wéi véier Joer an eng Schoul zu Lëtzebuerg waren. E Fait deen et de Familljen erlaabt hir Situatioun ënner gewësse Konditiounen ze regulariséieren.

Festzehalen ass awer, datt an alle Fäll, d’Verantwortung vun den Elteren, hire Kanner géinteniwwer, ëmmer ausschlaggebend bleift.

Ouni an der Lag ze sinn iwwert den Detail vun engem individuellen Dossier eng Matdeelung ze maachen, wëll de Minister preziséieren, datt d’Entscheedung eng Réckféierung ënner Zwang, no enger genauer Etüd an ënner Berécksiichtegung vun allen Elementer am Dossier, an och eréischt no enger laanger Prozedur, wou sämtlech Alternativen zum Retour ënnersicht gi sinn, d’Regularisatioun abegraff, geholl ginn ass.

Déi onerlässlech Konditioun fir eng Regularisatioun ass allerdéngs, datt déi betraffe keng falsch Aussoen zu hirer Identitéit a Familljesituatioun maachen. Eng Konditioun déi an dësem prezise Fall net erfëllt ginn ass, wat all Alternativ onméiglech gemaach huet. An dësem Kontext ginn d’Informatiounen déi an de sozialen Netzwierker verbreet gi sinn, net d’Situatioun a sengem Ensembel zréck an d’Verantwortung vum Staat kann net iwwert déi vun den Eltere gestallt ginn“.

Kommentar:

Wann et gutt a richteg ass, datt d’Zivilgesellschaft sech der Verdeedegung vu Leit unhëlt déi Onrecht behandelt ginn, esou ass et net manner richteg, datt mir an engem Rechtsstaat liewen deen sech de Gesetzer no muss riichten.

An deem berühmten „Facebook“ sinn dann och esouvill „Topegkeeten“ an Onwourechte verbreet ginn, datt ech mech sengerzäit schlicht geweigert hunn eppes dozou ze schreiwen. Wann een e „sécheren Hafen“ erreecht huet, deet een dann och gutt drun déi ausgestreckten Hand unzehuelen.

„Ligen hu kuerz Been“ an dat ka wéi an dësem Fall zur Katastroph féieren. De Bouf vun 12 Joer ass et deen elo fir d’Feelverhale vu senger Mamm muss mat de Kapp duerhalen. Dat ass definitiv ongerecht an wäert sech op seng Zukunft auswierken.

Mat der Wourecht kënnt een zu gudder Lescht dann awer ëmmer méi wäit…

Related topics Ausweisung, Facebook, Jean Asselborn, Réckféierung
Next post Previous post