D’Stëmm am Schaf – de 27. Januar 2022 am Prabbeli zu Wolz

De Raymond Federman zielt international zu den aflossräichste Vertrieder vun der literarescher Avantgarde. De franko-amerikanesche Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler mat jüddescher Ofstamung gouf 1928 zu Paräis gebuer. Seng „wierklech“ Gebuert datéiert hien awer op de 16. Juli 1942 – den Dag, un deem zu Paräis iwwer 13.000 Mënsche verhaft a vun Nazien an d’Doudeslager deportéiert goufen.

Dem Raymond seng Elteren a béid Schwësteren goufen zu Auschwitz ëmbruecht. Hie selwer huet iwwerlieft, wëll seng Mamm hien an engem Schaf verstoppt huet. Säi beweegend Wierk „D’Stëmm am Schaf“ gëtt de 27. Januar am Kulturzentrum Prabbeli zu Wolz opgefouert. No der Premiere de leschte Summer beim Monodrama Festival an der Stad Lëtzebuerg gëllt d’Inszeenéierung am Prabbeli grad emol als zweet Opféierung zu Lëtzebuerg.

Weider Informatiounen

D’Stëmm am Schaf

Donneschdes, de 27. Januar 2022 am Prabbeli Wolz
Um 10 Auer als Schoulvirstellung an um 20 Auer als oppe Virstellung
Interesséiert Schoule solle sech iwwert info@cooperations.lu umellen. D’Stéck gëtt fir Kanner ab 14 Joer recommandéiert.

D’Evenement fënnt mat CovidCheck statt.

  • Auteur: Raymond Federman
  • Erzielung: Martin Engler
  • Saxophon: Emma Lily Karier

Weider Informatiounen an Ticketen kritt Dir op prabbeli.lu.

Dernières nouvelles