Search

You may also like

Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen
Meenung Neiegkeeten Tacheles

Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Ob eleng, zou zweet oder mat Kanner, de Coronavirus Covid19,

Chantier an der Rue de Rollingergrund (07.11.2020)
Meenung Neiegkeeten Tacheles

Chantier an der Rue de Rollingergrund (07.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt e Samschdeg, de 7.

Editorial: Bëllegen Aktivismus oder berechtegt Kritik?
Meenung Neiegkeeten Tacheles

Editorial: Bëllegen Aktivismus oder berechtegt Kritik?

Op Facebook an Twitter, hunn déi zwee Deputéiert vun der

D‘Stëmm vum Widderstand (Kommentar)

D‘Stëmm vum Widderstand (Kommentar)

Zanter elo schonn enger Rei Méint, mécht de Mouvement „Polonaise Solidaire“ ëmmer nees op sech opmierksam, well si mat der Aart a Weis, wéi de wirtschaftspoliteschen Ëmgang mat der Infektiounskrankheet Covid19 – säitens der Regierung – sech op d‘Grondrecht an déi verbréiften Entscheedungsfräiheet auswierkt.

Un der Meenungsfräiheet ass awer zum Gléck nach net offensiv gefréckelt ginn, a well et zur journalistescher „Villfalt“ gehéiert, och onbeléifte Meenungen – esouwäit se vu gesellschaftlechem Interessi sinn – ze verbreeden, fir datt zumindest den Debat ka stattfannen, hu mir bezunn op de Regierungsbriefing decidéiert, d‘Zousendung vum Mouvement ze iwwersetzen an ze publizéieren.

Op d‘Argumentatioun vum Mouvement „Polonaise Solidaire“ stéchhalteg ass? Zumindest gëtt sech op bestoend Texter bezunn. Op een dëser Siicht Rechnung droe soll? Dat soll jidderee fir sech entscheeden. Mir sinn éischter fir d‘Impfung, fannen den Ëmgang an d‘Manéier wéi den Zwang duerch déi hënnescht Dier soll ëmgesat ginn, allerdéngs Contraire zu eisem Demokratieverständnis.

Hei dann d‘Message, fräi aus dem däitsche vum Laure Schlesser iwwersat:

„Mir huelen zur Kenntnis, datt déi diktatoresch herrschend Regierung an der Suite vun der EU-Kommissioun, eng Lobbyorganisatioun vum Finanzkapital, all Meldung iwwert eis wëchentlech Protestveranstaltung ënnerdréckt.

Dem onbeuecht, erlabe mir eis op de folgenden Zousazprotokoll zur Mënscherechtskonventioun vum Europarot hinzeweisen, géint deen all CovidCheck-System verstéisst. Well déi vu Lëtzebuerg ratifizéiert Mënscherechtskonventioun iwwert der nationaler Legislatioun steet, gëllt am Konfliktfall net dat nationaalt Gesetz, mee d‘Mënscherechtskonventioun. Dat sollen dach Regierung, Chamber a Gewerkschafte wann ech gelift zur Kenntnis huelen:

Protokoll N°12 zu Konventioun zum Schutz vun de Mënscherechter an Grondfräiheeten – betreff: Diskriminéierungsverbuet (Roum de 4. November 2000)

  1. Der Genuss eines jeden gesetzlich niedergelegten Rechtes ist ohne Diskriminierung insbesondere wegen des Geschlechts, der Rasse, der Hautfarbe, der Sprache, der Religion, der politischen oder sonstigen Anschauung, der nationalen oder sozialen Herkunft, der Zugehörigkeit zu einer nationalen Minderheit, des Vermögens, der Geburt oder eines sonstigen Status zu gewährleisten.
  2. Niemand darf von einer Behörde diskriminiert werden, insbesondere nich aus einem der in Absatz 1 genannten Gründe.

Doriwwer eraus erlabe mir eis drop ze verweisen, datt an Ungarn zanter Enn Mee all Covid19-Mesure vum Dësch sinn, ouni datt et zu enger Belaaschtung vun de Spideeler gefouert hätt. Et sinn dowéinst och keng nennenswäert Infektiounen opgetaucht, am Land ouni Masken, ouni Ofstand, ouni Tester. Zudeem fënnt den Unterrecht ab dem 1. September ouni Moossname statt an d‘Eltere sinn an de Schoule vun hire Kanner wëllkomm.

Mir verlaangen datselwecht fir Lëtzebuerg, ëm esou méi, wéi och an Dänemark ab dem 10. September mat alle Moossname Schluss ass. Dat och wann d‘Regierung vu Lëtzebuerg alle Medie sollt verbueden, iwwer Ungarn an Dänemark ze beriichten.“

Eis Reaktioun

Dat eis Regierung, wann se schonn net wierklech gutt a koherent kommunizéiert, soll diktatoresch sinn, erschléisst sech eis de facto net. Schlecht Gesetzer wéi eng schlecht Politik maachen nach keng Diktatur aus, zudeem géif sech dësen Attribut wuel éischter der Politik vum Faschist Viktor Orban, Ministerpresident vun Ungarn, unhuelen. Dat emol ofgesinn, vun de Covid19-Mesuren…

Ob d‘EU-Kommissioun de verlängerten Aarm vum Finanzkapital ass? Mat Ofstrécher an eppes Recul léist sech bestëmmt beweisen, datt Industrie a Wirtschaft iwwert hir Lobbyverbänn un de Gesetzer/Direktive matschreiwen, an natierlech verfollegen nieft de Politiker och d‘Beamte vun der Kommissioun prioritär eegen Interessen, d‘Entscheedunge ginn awer weiderhi politesch getraff.

Wat den Ëmgang mat der ratifizéierter Mënscherechtskonventioun (a senger Integralitéit) ugeet, esou dierf een drop hiweisen, datt zanter der Migratiounskris 2015 (wuel scho laang virdrun) d‘EU-Kommissioun eng eppes méi „flexibel Ausleeung vun der Konventioun“ an Ugrëff geholl huet. Dat erkennt ee beispillsweis um humanitären Asaz vu Frontex an der Opnam vu Flüchtlingen.

Datt d‘Regierung an hei besonnesch de Premier (de jo och d‘Kap vum Kommunikatiounsminister op huet) soll de Medie verbueden hunn iwwert den ungareschen, respektiv däneschen Ëmgang mat Covid19 ze beriichten, ass net wouer a scho bal eng Beleidegung vun de Medieschaffenden.

Et kann een allerdéngs net ausschléissen, dat d‘Parteiorganer oder déi per Staatsvertrag agebonne Medien – déi jo och an der Kris zolidd vun der Regierung gestäipt goufen – differenzéiert, also déi international Berichter eppes anescht zortéieren, virginn. Et kann zudeem och eppes um Toun geleeë sinn, firwat „déi aner“ sech net fir d‘Presseaussendung/Meenung interesséiere kéinten.

Illustratioun: © Chloe S. / unsplash

Related topics Anti-Vaccin, Covid19, Diktatur, Impfcampagne, Impfflicht, Maskeflicht, Widderstand
Next post Previous post