Search

You may also like

De Virreider an der EU: Glyphosat-Verbuet zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

De Virreider an der EU: Glyphosat-Verbuet zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg wäert wuel dat éischt Land an der Europäescher Unioun

De Stuerm op Berlin (Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

De Stuerm op Berlin (Kommentar)

Mat der Demo um „Dag vun der Fräiheet“ (1. August

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 26. Juli 2020
Kultur Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 26. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Iechternacher Basilika: De Stephan Schultz presentéiert J.S. Bach Suiten an der

Iechternacher Basilika: De Stephan Schultz presentéiert J.S. Bach Suiten an der

Den TRIFOLION Iechternach an Le Concert Lorrain invitéieren Iech e Samschdeg, den 30. Januar op dem internationale Barockcellist Stephan Schultz seng Interpretatioun vun den 3 Suitten fir Violoncello Solo vum Johann Sebastian Bach. Den Optrëtt fënnt an der Iechternacher Basilika a fänkt um 16:30 Auer un.

De Stephan Schultz gouf 1972 zu Erfurt gebuer. Mat siwe Joer huet hien ugefaange Cello ze spillen. Uschléissend huet hie Violoncello an der Héichschoul fir Musek an Theater zu Leipzig, sou wéi Barockcello beim Jaap ter Linden an der Akademie für Alte Musik zu Dresden studéiert. Fir déi historesch Opféierungspraxis am Zesummenhang mam Musizéieren op historeschen Instrumenter ze fërderen, huet hien 1995, zesumme mat anere Museker, de Leipziger Barockorchester (LBO) gegrënnt.

Dobäi huet hien ënnert der Leedung vu bekannten Dirigente gespillt (Reinhard Goebel, Roy Goodman, Peter Neumann, Peter Schreier) an zesumme mam Emma Kirkby, Nancy Argenta, Harry van der Kamp, Peter Kooij a Masaaki Suzuki musizéiert.

Zënter 2006 ass hie kënschtleresche Leeder vum franséische Barockensembel „Le Concert Lorrain“, mat deem hie schonn zuelräich Concerten am In- an Ausland ginn huet. Dozou zielen ënnert anerem de Museksveräi Wien, Concertgebouw Amsterdam, Philharmonie Paris, Philharmonie Warschau, KKL Luzern, Philharmonie Luxemburg, Alte Oper Frankfurt, Kursaal San Sebastian, Stadtcasino Basel, Kirchenmusikfestival Oslo, Rheingau Musik Festival, Festival Oude Muziek Utrecht, Tage Alter Musik an Herne an zu de Brühler Schlassconcerten.

Zwou besonnesch wichteg Produktiounen, déi hie geleet huet, waren d’Oper Otto vum Händel/Telemann an d’Brockes-Passion vum G.F. Händel mam Le Concert Lorrain an dem NDR Chouer.

Weider Informatiounen zum Concert

D’Opféierung an der Basilika St. Willibrord dauert 60 Minutten. Tickete ginn et fir 10 Euro regulär, respektiv Reduktiounen vun 20 % ab engem Grupp vu5 Persounen. An der Oweskeess ass den Ticket 2,50 Euro méi deier. De Kulturpass gëtt akzeptéiert.

Am viraus kritt een d’Ticketen op www.luxembourg-ticket.lu, iwwert Tel.: +352 4708 951 a bei alle bekannten Virverkafsplazen, sou wéi am TRIFOLION Ticket Service (2, Porte Saint Willibrord L-6486 Echternach, Tel.: +352 26 72 39 500, E-Mail ticket@trifolion.lu).

Selbstverständlech ginn déi sanitär Sécherheetsmoossname garantéiert.

Opmaacherfoto: © Benjamin de Diesbach

Related topics Barock, Basilika, Cello, Iechternach, Johann Sebastian Bach, Le Concert Lorrain, Optrëtt, Stephan Schultz, Trifolion
Next post Previous post