Onerwaarten Austrëtt bei de Piraten
Den Alain Knaff huet gëschter, fir vill Leit onerwaart, via
Den Alain Knaff huet gëschter, fir vill Leit onerwaart, via
Gëschter huet d’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole
Et war esouwuel e flott wéi och ongewinnte Bild. Bei
Ob ee fir oder géint déi Jonk Klimaaktivistin ass, eng Saach ass sécher, d‘Knetzel weess wat et wëll a léist sech net vu sengem Wee ofbréngen. E Wee iwwregens deen et konsequent verfollegt, firwat seng Ausso „D‘Klimabewegung brauch keng Auszeechnunge mee doten“ absolut zoutreffend ass.
Den nordesche Rot (Nordic Council) hat allerdéngs keng schlecht Absichten am Sënn, wéi hien dem Greta Thunberg dëse jo awer symbolträchtege Präis zougestanen huet. D‘Argument vun der Jury ass fundéiert an novollzéibar. Esou hu si der jonker Schwedin de Präis dofir zougeschwat, well si Millioune Mënschen op der Welt an enger kritescher Phas ermontert huet, politescht Handele fir de Klima anzefuerderen. An deem léisst sech beim beschte Wëllen och net widderspriechen.
Wat awer déi „al Leit“ vum nordesche Rot esou decidéieren, a wat dat eigentlech Zil vun dëser jo awer selbstbewosster jonker Fra ass, dat muss net iwwerenaner passen. D‘Knetzel jiddefalls léisst sech näischt „opschwätzen“. Manéierlech mee bestëmmt huet déi 16 järeg Klimaaktivistin dem nordesche Rot Merci gesot, well et jo awer eng Éier ass. Mee hat huet och gesot datt et dëse Präis net kann unhuelen. D‘Klimabewegung bréicht keng Präisser mee Politiker déi endlech handelen.
mat indymedia/sto
Foto: E Freideg 25. Oktober hunn d‘Kanadier dem Greta dausenden Häerzer entgéintgehalen, do kann den Ëmweltpräis vum Nordic Council net mathalen. (c) Robin Loznak/David Suzuki Foundatioun