Search

You may also like

Lëtzebuerg: De Covid19 fuerdert en neit Affer
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg: De Covid19 fuerdert en neit Affer

Och bei eis am Land dréift den onséilege Coronavirus Covid19

Boxen zu Diddeleng: e wierklech kuerzweilegen Owend
International Neiegkeeten

Boxen zu Diddeleng: e wierklech kuerzweilegen Owend

Organiséiert vum „Boxing Club Dudelange“, ënnert dem Patronage vun der

Kollektivvertrag bei der Cargolux: Et geet an d‘Mediatioun
International Neiegkeeten

Kollektivvertrag bei der Cargolux: Et geet an d‘Mediatioun

Mat der Cargolux ze verhandelen, besonnesch wann et drëms geet

Stol ass de Wierkstoff vu muer

Däitschland: Beim Stolsommet zu Saarbrécken grënne 6 Bundeslänner eng Allianz

Stol ass de Wierkstoff vu muer

Zu Saarbrécken hunn e Méindeg d‘Vertrieder vu sechs Bundeslänner eng Charta ënnerschriwwen, déi am Stolsecteur zu enger besserer Zesummenaarbecht tëscht de Signataire féiere soll.

Mat dëser Charta beim éischten nationale Stolsommet, hunn sech d‘Saarland, Nordrhein-Westfalen, Brandenburg, Niedersachsen, Bremen an Hamburg, zu enger „Allianz vun de Stollänner“ d‘Basis fir eng koordinéiert Zesummenaarbecht ginn. Sënn an Zweck wier et, e staarke Stolstanduert an Däitschland, an doriwwer eraus och an Europa, fir d‘Zukunft erhalen ze kënnen.

Déi saarlännesch Wirtschaftsministerin, Anke Rehlinger (SPD) mengt, datt d‘Vergaangenheet gewisen hätt datt „mir besser ofgestëmmten a strategeschen Usaz brauchen, wéi mir dee bis ewell haten“. An esou gëtt an der Charta ënnert anerem drop verwisen, datt de Wierkstoff Stol fir eng emissiounsaarm Welt onverzichtbar ass. Dat erfuerdert fair Konkurrenz- a Kaderbestëmmungen.

D‘Gewerkschafte maache mat

Ënnert dem Motto „Stol stäerken – Zukunft sécheren“ hat d‘Anke Rehlinger, als Presidentin vun der Wirtschaftsministerkonferenz, zesumme mat der Wirtschaftsvereenegung Stol vun der IG-Metall an dem Verband vun de Saarhütten, zu dësem Sommet agelueden. Déi héich Bedeelegung, esou d‘Wirtschaftsministerin, géif ënnersträichen, wéi e Stellewäert d‘Stolindustrie och haut nach huet.

De saarlännesche Ministerpresident, Tobias Hans (CDU) huet de Sommet als „däitlecht an androcksvollt Signal a Richtung Bréissel a Berlin“, beschriwwen. Den Ausseminister Heiko Maas (SPD) ass a senger Ried op eng nei Analys vum Weltwirtschaftsforum agaangen, laut där kee Land esou innovativ wier, wéi Däitschland. „Stol gehéiert net an de Musée, Stol ass d‘Zukunft.

Säitens der IG-Metall gëtt festgestallt, datt dës ausseruerdentlech Allianz e wichtege Schratt fir dëse Secteur ass, dee mat senge 85.000 Salariéeën dramatesche Verännerunge géinteniwwer steet. De President vun der IG-Metall Jörg Hofmann, ass d‘Charta kee symboleschen Akt, mee „de kräftege Wëllen aller Bedeelegter un dësem Prozess zesummenzeschaffen“.

mat AFP

Related topics Allianz, IG-Metall, Jörg Hofmann, Saarland, Stol, Stolsecteur
Next post Previous post