Search

You may also like

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!
Kultur Neiegkeeten

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!

E Freideg konnten sech d‘Membere vun der CoRePer (Comité vun

Buchtipp: Sanctuary
Kultur Neiegkeeten

Buchtipp: Sanctuary

Wa mir net oppasse, kéint d‘Jugendbuch Sanctuary aus dem Carlsen

No den déidlechen Iwwerschwemmungen a Frankräich
Kultur Neiegkeeten

No den déidlechen Iwwerschwemmungen a Frankräich

No den déidlechen Iwwerschwemmunge, hunn d‘Awunner an d‘Autoritéite vum franséischen

Stollen aus dem Stollen: D’Feierdags-Schneekerei aus der Koffergrouf

Stollen aus dem Stollen: D’Feierdags-Schneekerei aus der Koffergrouf

Fir de Rescht vum Joer ass d’Koffergrouf zu Stolzebuerg fir d’Visiteuren zou. Grond wier d’Pandemie, mee vläicht ass de wierkleche Grond jo, datt zënter kuerzem e leckere Chrëschtdags-Souvenir hei verstoppt gëtt a keen d’Geheimnis erausfanne sollt. Ze spéit – De Stollen aus dem Stollen gouf entdeckt a lackelt mat sengem spezielle Familljerezept.

Den Naturpark Our an d’Bäckerei „Au Croissant d’Or“ hu sech zesummegedoen, fir déi wanterlech Festivitéite mat der beléifter Koffergrouf zu Stolzebuerg ze verbannen. Esou gouf virun net all ze laanger Zäit de Chrëschtstollen an déi ënnerierdesch Minn bruecht, wou e wärend 3 Woche bei konstanter Raumtemperatur an héijer Loftfiichtegkeet zur Perfektioun roue soll.

Stollen© Caroline Martin

Esou solle sech nämlech d’Aromen entfalen an duerch de ganze Produit entwéckelen. An engems ass garantéiert, datt zu 100 % eng héichwäerteg regional Schneekerei offréiert gëtt.

Stollen© Caroline Martin

Elo wou d’Geheimnis (opgepasst Wuertwitz) un d’Liicht komm ass, gëllt et schnell ze sinn. Bis de 25. November kann ee säi Chrëschtstollen bestellen. Dobäi kann ee wielen tëscht dem normale Stollen (500 g) fir 17,00 €, oder der Variant mat Marzipan (500 g) fir 19,00 €.

Am Ëmkrees vun 20 km vu Veianen aus gëtt de Stollen souguer gratis bis bei d’Hausdier geliwwert.

Bestelle kënnt Dir:

  • Bei der Bäckerei „Au Croissant d’Or“ aus Veianen – Tel.: 83 41 40
  • Dem Syndicat d’Initiative vu Stolzebuerg – SMS: 621 380 358

Weider Informatioune ginn et op www.stolzembourg.lu.

Opmaacherbild: © Caroline Martin

Related topics Bestellung, Chrëschtstollen, Feierdeeg, Koffergrous, Naturpark Our, Regionale Produit, Stollen aus dem Stollen, Stolzebuerg
Next post Previous post