Search

You may also like

Wann de Gruef ze déif ass
Meenung Neiegkeeten

Wann de Gruef ze déif ass

Bei senger éischter Pressekonferenz no de gewonnene Walen, huet den

Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren
Meenung Neiegkeeten

Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren

Och an dësem Joer lancéiert de Service National de la

TDF: E Sprint ouni Tëschefall
Meenung Neiegkeeten

TDF: E Sprint ouni Tëschefall

Knapp gewonnen ass och gewonnen. De Marcel Kittel (Quick-Step) gewënnt

Dossier Traversini: „STOP corrupt Asbl“ trëtt an Aktioun (Kommentar)

Dossier Traversini: „STOP corrupt Asbl“ trëtt an Aktioun (Kommentar)

Wat fréier „Transparency International Luxembourg“ war ass haut „STOP corrupt Asbl“. Eng Associatioun déi sech zum Zil gesat huet, d‘Korruptioun zu Lëtzebuerg ze denoncéieren. Si fuerderen elo vun den Deputéierten an de Medien, sech an der Affär „Traversini“ zréckzehalen.

„Vill Käch verdierwen de Bräi“ heescht et am Volleksmond an et dierf een eppes Verwonnert sinn, iwwert d‘Vehemenz mat där sech dësen Acteur vun der Zivilgesellschaft zu Wuert mellt. Esou mat engem éischte Communiqué den 9. Oktober. Si hunn sech iwwert de politeschen Äifer vu Politiker an de Medie geiergert, déi mat hiren „Agissementer“ d‘Aarbecht vun der Ëmweltkommissioun géife kompromettéieren (där si awer Virwërft déi eege Prerogativen ze vergewaltegen) an d‘Justiz bei hiren Ermëttlunge behënneren.

Elo hunn si e Freideg nach emol nogeluecht, a fuerderen an engem neie Communiqué en méi zolidd Reguléierung vum „ëffentleche Liewen“ an d‘Schafung vun enger onofhängeger administrativer Autoritéit, déi och soll Sanktionéieren dierfen. Wann dës „Interventioun“ bei déi gréng appreciéiert gëtt, esou werft si och eng Rei Froen op. Zum engen ass et de Politiker hire Job sech géigesäiteg op d‘Fangeren ze kucken an zum anere sollt een der Oppositioun net zum Virworf maachen, datt déi an dësem däregen Dossier mat billen ufänkt.

D‘Stop Corrupt Asbl behaapt sech elo och drop, datt d‘Ëmweltkommissioun eenzeg an eleng den Optrag huet Gesetzprojeten ze diskutéieren an ze aviséieren. Et wier net hir Missioun „selwer an der Affär ze ermëttelen“. Si werfen dëser Kommissioun elo fir, géint d‘Ëmweltministesch an esouguer hir Famill (hei geet et ëm Dieschbourg-Millen zu Iechternach) ze „enquêtéieren“. Et wier dann och der Chamber virbehale Minister unzekloen.

Populismus?

Fir déi lëschteg Gesellen déi d‘Aarbecht vun de Medien – an domatter zäitgläich d‘Pressefräiheet – a Fro stellen, géif sech un dësem Dossier „wéi de Geck un de Bengel“ festgehalen. Si verwieren sech deem a stellen offusquéiert fest: „De Kampf géint d‘Korruptioun dierft net zu enger politescher Waff oder engem Mëttel vum politesche Populismus verkommen“. Eng Press där hir Journalisten si als „Privat Detektiven“ verkläert.

TraversiniWoubäi si sécherlech mat déi éischt gewiescht wären, déi d‘Press als „Regierungstrei“ duergestallt hätt, wann se net doriwwer bericht hätt. Et kann ee sécherlech iwwert d‘Aart a Weis vun der Berichterstattung streiden, woubäi dat och zur Pressefräiheet gehéiert. Sécher ass et net einfach, wa gewosst ass datt d‘Zeitungen zum gréissten Deel „Parteipolitesch Organer“ sinn, woubäi een dat esou och längst net méi esou behaapte kann.

Fir den „Executive Director“ vu „Stop corrupt“, Jean-Jacques Bernard, e franséische Freelance Conseiller an de Beräicher „Ethik a Bankgeschäfter“, misst een awer elo net alles wat säi Veräi vu sech gëtt direkt als Ugrëff op déi „4. Muecht“ gesinn. Et hätt een näischt géint d‘Press, ganz am Géigendeel, et wier e frou wann et „investigativ“ Journaliste gëtt. Et wier him an de Membere vun  er Associatioun leedeglech drëms gaangen op „Exzesser“ hinzeweisen.

Kuff d‘Schmull

De Mann vu Perpignan ass sécherlech gutt ausgebilt (Sorbonne, Uni-Toulouse) an och schonn – esou zumindest den CV – zanter 2008 zu Lëtzebuerg, an huet duerchaus Proposen op Lager, wéi déi genannten onofhängeg Autoritéit, déi duerchaus kéint Sënn maachen. Leider huet de Mann wéineg Kontakt mat der Lokalbevëlkerung an och un eiser Sprooch schéngt him wéineg geleeën. Wéi een do soll unhuelen hie géif d‘Land kennen?

Nieft der Fondatioun Idea gëtt et also nach en „Think-Tank“ dee vun engem „gescheite“ Fransous geleet gëtt, an eis elo emol erkläert, wéi mir politesch matenaner ëmzegoen hunn. An datt hien eist Land esou guer net kennt, stellt hien och reegelméisseg bei Konferenzen ënner Beweis. Lëtzebuerg ass net Frankräich an e Politikum féiert och net derzou, datt ee wéi a Frankräich direkt e giele Gilet undeet. „Pak schléit sech, Pak verdréit sech“.

An dëser „Affär“ déi wuel fir zolidd Gespréicher an Ausenanersetzunge beim Comptoir suergt, kee schéint Bild vum politeschen „Beholl“ weist a mat grousser Wahrscheinlechkeet „iwwerbewäert“ gëtt, brauch et alles, wéi just keng Rotschléi vun engem „Parlez-vous français“ Lobbyist, egal wéi gutt et gemengt ass. Keng Zopp gëtt esou waarm g‘iess wéi se gekacht gëtt. Dat war schonn ëmmer esou, an och hei wäerten sech d‘Gemidder nees berouegen.

Related topics Asbl Stop corrupt, Carole Dieschbourg, Ëmweltkommissioun, Favoritismus, Michel Wolter, Parquet, Rechtsstaat, Roberto Traversini
Next post Previous post