Stoppt de Krich!

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform rifft zu enger nationaler Demonstratioun géint de Krich op.

Dës fënnt de Samschden, den 5. Mäerz 2022 um 15 :00 Auer op der Place Clairefontaine zu Lëtzebuerg an der Stad statt.

ASTI, Friddens- a Solidaritéitsplattform an den OGBL ruffen Bierger*innen a gesellschaftlech Organisatiounen dozou op, un der Antikrichs-Demonstratioun deelzehuelen.

Dës vëlkerrechtswiddreg russesch Invasioun ass op d’Schäerfst ze verurteelen. Dës Brutalitéit géint d’Selbstbestëmmungsrecht vun der Ukrain muss direkt ophalen.

Deseskalatioun an diplomatesch Beméiunge ginn net duer. Näischt rechtfäerdegt dëse Krich.

Krichshandlunge solle gestoppt ginn. Eng atomar Eskalatioun muss verhënnert ginn. Déi russesch Truppe sollen aus der Ukrain ofzéien. Et mussen onbedéngt Friddensverhandlunge mat alle Bedeelegte gefouert ginn – ënnert der Koordinatioun vun de Vereenten Natiounen.

Humanitär Hëllef ass dréngend benéidegt.

Europäesch Grenzen solle fir ukrainesch Flüchtlingen opgehale bleiwen – mat vereinfachtem Verfaren an enger Erhéijung vun den Opnamekapazitéiten. Krich ass ee Verbriechen un der Mënschheet. An enger neier europäescher Sécherheetsarchitektur wäert et nimools Fridde géinteneen, mee matenee ginn.

D’Demonstratioun fënnt ënnert den aktuelle Covid19-Reegele statt.

Dernières nouvelles