Search

You may also like

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an
Stories

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an

En Internetaktivist, deen am Vietnam op Ëmweltproblemer higewisen huet, notamment

Kulinaresche Genoss an de véier QuattroPole-Stied
Stories

Kulinaresche Genoss an de véier QuattroPole-Stied

Vum 4. bis den 10. Oktober 2021 fënnt eng gastronomesch

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik
Stories

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik

Dësen Donneschdeg gëtt et nees haart an der Escher Kulturfabrik.

Ech war mat engem Stormtrooper een huelen

En androcksvollen Hobby

Ech war mat engem Stormtrooper een huelen

Et gesäit een se op Festivalen, BD-Foiren a Conventions: Stormtrooperen. Déi anonym Figuren aus dem Star Wars-Universum kéinten direkt aus der Leinwand geklomme sinn, sou detailgetrei sinn hir Kostümer. An et freet een sech: sinn et Eenzelgänger, nëmme verbonnen duerch hir Léift fir dësen Universum, oder verstoppt sech derhannert eppes Gréisseres?

Also maachen ech e puer Recherchen, stoussen op d’Facebook-Page vun der 501st Luxembourg Outpost. E puer Deeg drop sëtzen ech mam Leader vun der Grupp, dem Manuel Teixeira an engem Café. Wann en net e Patch mam Emblem vun der 501st Luxembourg Outpost unhätt, wier et schwéier ginn, fir en erëm ze erkennen. Dobäi hätt een sech villäicht méi offensichtlech Zeechen erwaart, hei de Chef vun de Lëtzebuerger Stormtrooper viru sech ze hunn – A wann et nëmmen en Schlësselunhänger a Form vum ikonesche Helm wier. Mee e Klischee ass numol heiansdo nëmmen dat: E Klischee.

E Féiwer mat Verzögerung

Beim Manuel Teixeira ass Star Wars mëttlerweil zu enger Familljegeschicht ginn. Net, well hien dat onbedéngt selwer sou gäer gehat hätt. Zwar hat hien selwer schonn säi Kontakt mat dësem Pilier vun der Geek-Szen an huet a senger Kandheet d’Original-Trilogie gesinn, mee sou richteg a Fuert ass et dann awer eréischt mam eegene Nowues komm. A wéi se dunn zesummen op d’Star Wars Celebration gaangen sinn, do war et geschitt: e Star Wars Féiwer war bei him ausgebrach. An eent vun de Symptomer? E Besoin, sech ze verkleeden.

Et gëtt zimlech waarm, a gesi kann een och net besonnesch vill

Manuel Teixeira, 501st Outpost Luxembourg

Elo ass Cosplay jo näischt Neies méi zu Lëtzebuerg. Souguer hei konnt sech eng gesond kleng Szen etabléieren, an dach ass et net ganz mat enger 501st Legion ze vergläichen. Während engem Cosplayer gewësse Fräiheeten zougestane ginn, wann et em d’Originalgetreiheet vum Kostüm geet, sou gesäit dat bei der 501st Legion anescht aus: E Gremium aus den USA decidéiert doriwwer, op d’Riichtlinnen erfëllt sinn. Well Stormtrooper ass net gläich Stormtrooper: „Do kënnt et schonn op Details un”, erkläert de Manuel Teixeira.

A firwat? Domat een sou no wéi nëmme méiglech un den Original erukënnt, erkläert en. Dat huet seng Nodeeler: „Et huet ee Problemer, sech an de Kostümer ze bewegen. Et gëtt zimlech waarm, a gesi kann een och net besonnesch vill”, erzielt mer den Manuel Teixeira. Dat erkläert da mol, firwat d’Stormtrooperen an de Filmer eng Scheierpaart mat hire Laseren treffen.

No um Original

Mee firwat mécht een sech all déi Méi, fir deene Virgaben iwwerhaapt gerecht ze ginn? Ganz einfach: d‘501st Legioun, déi international aktiv ass, gëtt vu Lucasfilm, der Firma hannert Star Wars, an Disney unerkannt. A wien unerkannt ass, dee kritt dann Events weider vermëttelt a kann bei offizielle Promo-Events deelhuelen. A vue datt aktuell all Joer ee Film an d’Kinoe kënnt, ginn et genuch Geleeënheeten dofir. An da schwätze mer nach net vu Videospill- a Merchandising-Releasen. An dobäi kommen och nach Events vu Privatleit an Entreprisen. Beispillsweis war d‘501st Luxembourg Outpost och beim Star Wars Bicherdag an der Libo präsent, wou et scho mol e klengen Verkéierschaos produzéiert huet, well d‘Autosfuereren onbedéngt wollte Fotoen vun de Stormtrooperen hunn.

Do geet d‘Demande iwwregens zimlech erop. Op Hochzäiten oder Events vun Entreprisen, d‘501st Luxembourg Outpost gëtt ëmmer méi oft geruff. Och sougenannten Charity Events, wéi etwa den Télévie, ginn ënnerstëtzt. D‘Nofro erkläert sech deels duerch déi geklomme Präsenz vu Star Wars an der Populärkultur: War et scho fréier eng bedeitend Force an deem Beräich, ass elo dank de neie Filmer e konstanten Hype ronderëm d‘Serie.

Dat erkläert och, firwat lues awer sécher d‘Akzeptanz souguer hei am Land erop geet. Mir kennen et all: Lëtzebuerg ass e bësschen méi zeréckhalen, wann et ëm Geek-Saache geet. Mee Star Wars, mat sengem Background, deen bis an 70er Joren zeréck reecht, huet mëttlerweil eng Reechwäit erreecht, déi sech kaum nach mat eppes vergläiche léisst. „Ech ka mer virstellen, datt et iergendwann manner gëtt“, mengt dozou de Manuel Teixeira, mee et ass am Moment definitiv net ofzegesinn. Ëmmerhin musst Disney iergendwéi déi véier Milliarden Dollar erëm recuperéieren, déi se beim Kaf vu Lucasfilm ausginn hunn.

Stänneg Erneierung

Mat deene neie Filmer kommen nei Kostümer. A mat neie Kostümer och eventuell Leit, déi sech wëllen engagéieren. Virun allem bei de Frae schéngt Bewegung an d‘Saach ze kommen. Zwar sinn an den Stormtrooper-Outfits och Frae wëllkomm – Ausgerechent d‘Imperium braucht kee Gender-Beoptrachten – mee dank Figuren wéi dem Captain Phasma an dem Rey ginn et och méi Geleeënheeten fir Fraen, mat ze maachen.

Apropos Rey, Wee sech gären als ee vun deene „gudde“ Personnagen inzenéiere wëll, fir deen ginn et gutt Noriichten: Net nëmmen gëtt et e „gutt“ Géigestéck zur „501st Legioun“ mam Numm Rebel Legioun, mee des soll och an Zukunft offiziell zu Lëtzebuerg forméiert ginn. Et schéngt also keng Bedenken ze ginn, wat de Nowuess ubelaangt.

Den 501st Outpost fënnt een och um Internet.

Fotoen: 501st Outpost Luxembourg

Related topics 501st Luxembourg Outpost, Lëtzebuerg, Star Wars
Next post Previous post