Search

You may also like

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert
Kultur Stories

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert

Op de Biller an der Tëlee ass e Groussasaz vun

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien
Kultur Stories

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien

Scho leschte Freideg huet den FBI de fréieren Zaldot Mark

Editorial: Wat en Trallala
Kultur Stories

Editorial: Wat en Trallala

Et gëtt där Diskussiounen, déi kënnen engem de leschten Nerv

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza

D‘Sortie vun der „Star Wars Episode VIII“ op DVD a Blue-Ray, déi zënter dem Samschdeg an all Saturn zu Lëtzebuerg erhältlech ass, war fir d‘Membere vum „501st Luxembourg Outpost“ eng gutt Geleeënheet, sech an Uniform ze geheien a sech hire Fans ze presentéieren.

Offiziell vum Saturn agelueden a vun Disney gefërdert, stinn si gären a bereetwëlleg fir esou Promotiounsoptrëtter zur Verfügung. De Manuel Texeira, Outpost-Leader, hat sech fir dësen Event an d‘Haut vun de Rebelle gesat.

Mat senger oranger Uniform, déi staark mat de schwaarzen a wäissen „Rëschtungen“vun den Jedi-Ritter kontrastéiert, hat hien um Samschdeg den Jakku-Outpost (Lëtzebuerg) vertrueden. Domatter war d‘Bild komplett, an trotz dem schéine Wieder, hunn si d‘Leit ugezunn.

A wann een kuerz Ofstand dovunner hëlt, datt et natierlech och eng (schéi) Reklamm fir de Saturn um Belval ass, esou kritt de normale Bierger vill ze seelen d‘Geleeënheet, seng Film-Helden zu Lëtzebuerg ze gesinn. Et sollt een de Kult-Effekt, deen hannert Star Wars steet net ënnerschätzen.

Wien elo um Samschdeg léiwer d‘Sonn am fräie genoss huet, d‘Jongen a Meedercher vun der „501st Luxembourg Outpost“ a Vertrieder vum Jakku-Oupost awer nach gäre géif gesinn, fir déi hu mir eng interessant Ukënnegung.

Beim Kino Start vum Film „Solo: A Star Wars Story“ dësen 23. Mee am Kinepolis um Kierchbierg, sinn se och nees a voller Montur matten dran. Eng Engagéiert Band, deenen e gäre wëll begéinen.

Wien och Fan ass, a sech uschléisse wëll, op als „béisen“ bei der 501st Legion, oder bei de „gudden“ vun der Rebell Legion, soll net fäerten a sech Mellen. De Manuel Teixeira freet sech iwwert all neie Member, an hält all Informatioune bereet (manutex@pt.lu) déi e brauch.

Also wann hei e Star Wars Fan sech ugesprach fillt, soll e sech mellen. Et wier dach gelaacht wa Lëtzebuerg et net géif fäerdeg bréngen, vum (klengen) Outpost zur weltwäit respektéierter Garrison opzeklammen. Allez kommt mat op déi donkel Säit vun der Muecht…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics 501st Luxembourg Outpost, Jakku Outpost, Manuel Texeira, Saturn, Star Wars Episode VIII
Next post Previous post