Search

You may also like

Eisen Offall: Eng Etüd zu de Quantitéiten a praktesch Rotschléi zur Vermeidung
Meenung Neiegkeeten

Eisen Offall: Eng Etüd zu de Quantitéiten a praktesch Rotschléi zur Vermeidung

Op Wonsch vun der Ëmweltverwaltung huet EcoConseil SARL eng Etüd

En Englänner zu Paräis
Meenung Neiegkeeten

En Englänner zu Paräis

Et sinn nach ronn 70 Deeg bis zum Brexit an

dislike
Washington: Vollen Zougreff op d’sozial Netzwierker
Meenung Neiegkeeten

Washington: Vollen Zougreff op d’sozial Netzwierker

Säit Enn Mee verlaangen d’USA vu jidderengem deen sech ee

Carte Blanche: Sträit tëscht Gesëschter… dat ass zimmlech nerveg, oder?

Carte Blanche: Sträit tëscht Gesëschter… dat ass zimmlech nerveg, oder?

Sträit tëscht Gesëschter ass ustrengend an nervt. Wierklech. Dobäi ass et egal, ob et ee Kannersträit oder eng Ausernanersetzung tëscht Erwuessenen ass.

Wat fir e bëssen Harmonie suerge kann, ass zum Beispill den Teamgeescht ze stäerken. Maacht äre Kanner (oder dem Gesëschter) kloer, datt et Virdeeler huet, wann een zesummenhält. Et soll een sech net einfach am Sträit trennen, mee zesummen un enger Konfliktléisung schaffen. Heiansdo hëlleft et einfach mol ze soen, wéi et ass. Oder besser gesot, wou de Schong dréckt.

Ee Beispill: Deen een nervt et, datt de Jéngeren anscheinend d’Liblingskand vun den Elteren ass – oder well en ëmmer eleng spillen oder eppes ënnerhuele soll. Ni geet et ëm d’Gesëschter zesummen, sou fillt et sech dacks un. Ma den Eelste wäert sech net méi sou eleng mat sengem Leed fillen, wann hien e mat sengem Gesëschter deele kann. Matenee schwätzen huet scho vill Problemer aus der Welt geschaf a fir en Zesummenhalt gesuergt.

A spillt op kee Fall Riichter!

Ganz éierlech – kee Riichter vun dëser Welt géing sech umoossen, eng Affär ouni Beweiser ze verurteelen. Et ass schwéier ze soen, wien fir d’éischt provozéiert huet. E Vermëttler ass an dësem Fall déi beschte Léisung, vu banne wäert den Auswee aus der Situatioun net eleng ze fanne sinn.

Heiansdo muss d’Roserei an de Frust och einfach nëmmen eraus. Esou léiert een anengems bäi, wéi een de Sträit erëm opléist. An dat ouni Hëllef.

E weidert Wonnermëttel ass frësch Loft. Mir Mënsche gi geckeg, wa mir de ganzen Dag agespaart sinn. A Kanner och. Frësch Loft a Beweegung wierkt Wonner. En Tapéitewiessel souwisou.

A wéi wär et mat Empathie? Beim Sträitschlichten ass et guer net sou wichteg, erauszefanne wat passéiert ass, et geet éischter ëm de “Firwat”. Et ass alles eng Saach vun Übung. A mat der Zäit geet et méi liicht vun der Hand.

Illustratioun: © Daiga Ellaby / unsplash

Related topics Empathie, Gesëschter, Mediatioun Impossible, Sträit, Versteesdemech
Next post Previous post