Search

You may also like

Missioun erfëllt!
Geek Neiegkeeten

Missioun erfëllt!

Et ass schonn interessant, datt eng Natioun déi den internationale

Gréngbuch an ëffentlech Consultatioun: Wann d’Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt
Geek Neiegkeeten

Gréngbuch an ëffentlech Consultatioun: Wann d’Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt

D’Liewenserwaardung vu Männer a Fraen ass am leschten hallwe Joerhonnert

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert
Geek Neiegkeeten

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert

Lëtzebuerg ass e proeuropäescht Land an dat huet wéineg mat

geek

Strategie vun der elektronescher Gouvernance 2021-25

Strategie vun der elektronescher Gouvernance 2021-25

De Pabeier deen hei als „Gouvernance électronique 2021-2025“ virgestallt gëtt, ass schonn Ufank vum Mount vum Regierungsrot ugeholl ginn.

Aus dem gemeinsame Communiqué vum Digitaliséierungsministère an dem Zenter vun den informateschen Technologien (CTIE) geet ervir, datt eng vun de strategeschen Achse vum Digitaliséierungsministère d‘Zill verfollegt, den „eGovernment“ ze stäerken an esou den Iwwergang zur numerescher Regierung ze erméiglechen.

De Konzept designéiert d‘Benotzung vun Technologien am Kader vun de Strategien zur Moderniséierung vum Staat, mat als Objektiv, d‘Schafe vun enger reeller Plus-value fir d‘Bierger, d‘Entreprisen an déi ëffentlech Verwaltungen.

D‘Strategie vun der elektronescher Gouvernance 2021-25 respektéiert dës Approche a bestëmmt déi essentiell Elementer fir eng gelongen numeresch Transitioun vum Staat, fir esou den numeresche Bierger ee Service vu Qualitéit unzebidden, an de progressiven Iwwergang zu engem numeresche Staat sécherzestellen, esou wéi dat vun den internationalen Instanze prekoniséiert gëtt.

D‘Strategie 2021-2025 hieft déi bei der Digitaliséierung vun den ëffentleche Servicer anzehale Prinzipien ervir, fir de Bierger an Entreprisen ëffentlech Déngschtleeschtungen unzebidden déi hire Besoinen entspriechen. Et geet drëms eng transversal numeresch Accessibilitéit ze favoriséieren, Déngschter ze entwéckelen déi op den Notzer zentréiert sinn, attraktiv ëffentlech Onlinedéngschter unzebidden, wéi och an d‘Vertraue vun de Bierger géintiwwer de staatlechen Onlinedéngschter ze investéieren.

Uschléissend analyséiert d‘Strategie déi indispensabel Konditioune fir déi ëffentlech Zentralverwaltung, fir dëser ze erméiglechen efficace op d‘Ufuerderunge vun der Gesellschaft ze äntweren. Déi primordial Objektiver am numeresche Kontext, sinn et d‘Transitioun zu enger effizienter Verwaltung ouni Pabeier ze erliichteren, an vun engem favorabelen Informatik-Ëmfeld ze disposéieren, fir nei Aarbechtsmodeller unzegoen.

An dësem Kontext ënnersträicht d‘Strategie d‘Importenz, sech kënnen op en zentralen, flénken an zouverlässegen Informatikpartner ze verloossen. Fir datt dat geléngt, wëll de CTIE seng digital Déngschter stäerken, spëtzeméisseg Infrastrukturen entwéckelen a weider héich Niveaue fir Sécherheet a Fiabilitéit garantéieren.

Da ginn nach déi sechs Schlësselprinzipien enoncéiert, déi et erlabe d‘Digitaliséierung vun den ëffentlechen Onlinedéngschter ze guidéieren an ze ënnerstëtzen, wat nees soll sécherstellen, datt déi ëffentlech Onlinedéngschter och den Ufuerderunge vun der Gesellschaft gerecht ginn. Dat sinn: „Once Only“ – „Digital by Default“ – Inklusioun an Accessibilitéit – Ouverture an Transparenz – Fiabilitéit a Sécherheet – Interoperabilitéit an Standardiséierung. Et ass op der Basis vun dëse 6 Prinzipien, wou d‘Aktiounen an déi konkret Initiative fir d‘Begleedung vun der ëffentlecher Verwaltung vu Lëtzebuerg an seng numeresch Transitioun ënnerholl ginn.

Illustratioun: © KOBU Agency / unsplash

Related topics CTIE, eGovernment, elektronesch Gouvernance, Onlinedéngschter, Strategie
Next post Previous post