Search

You may also like

Eng hallef Millioun US-Dollar fir dem Bob seng Telecaster
Neiegkeeten

Eng hallef Millioun US-Dollar fir dem Bob seng Telecaster

Eng vun den emblematesche Gittaren, déi den Iwwergang vum Folk

Endlech Summervakanz!
Neiegkeeten

Endlech Summervakanz!

Haut fänkt offiziell d’Summervakanz un. Vill Eltere froen sech, wéi

Covid19 Iwwersiicht
Neiegkeeten

Covid19 Iwwersiicht

Et sinn ustrengend Zäiten, déi eis vun der sanitärer Kris

D’Natur freet sech… net: Streeën als Preparatioun a Preventioun

D’Natur freet sech… net: Streeën als Preparatioun a Preventioun

Fir sech op déi wanterlech Saison 20/21 virzebereeden, huet d’Stroossebauverwaltung geplangt preventiv ze streeën. Dësen Test gëtt vun all regionalem Service a Service vun den Autobunnen ab nächster Woch bis Mëtt November 2020, ëmmer vun 3:00 bis 6:00 Auer moies virum Beruffsverkéier, duerchgefouert.

Zil vun dem Stree-Test ass et, den Equipement, d’Installatiounen an d’Gefierer ze kontrolléieren, sou wéi de korrekten Oflaf vun de verschidde Prozeduren ze üben. Esou sollen eventuell technesch a funktionell Problemer fonnt ginn, nach ier de Wanter do ass.

An dësem Kader gëtt erkläert, datt op dréchene Stroossen e Minimum u Salz – dat entsprécht hei 5 Gramm pro Quadratmeter – op enger maximaler Distanz vu 5 Kilometer verdeelt gëtt. Sollt et glat ginn notzt een déi entspriechend Quantitéit u Streesalz.

Streeën: Sécher ënnerwee, mee Schuet fir d’Natur

Streesalz ass bëlleg, wierkt schonn a klenge Quantitéiten an ass einfach ze benotzen. Duerch déi domat verbonnen negativ Auswierkungen op d’Natur an d’Ëmwelt entscheede sech ëmmer méi Gemengen fir Alternativen.

Vermëscht d’Streesalz sech nämlech mat Äis a Schnéi leeft ëmmer en Deel Schmëlzwaasser an de Buedem a gräift d’Vegetatioun un. Planzen a Beem gi méi schlecht mat Nierstoffer versuergt an och duerch Sprëtzwaasser kann et zu Verätzungen oder Verbrennunge bei der Flora kommen, wat sech doduerch weist, datt Blieder beispillsweis méi kleng nowuessen oder verfierft sinn, de Bam seng Blieder méi fréi ofstéisst, oder souguer déi ganz Planz ofstierft.

Ma, d’Streesalz kann och d’Patte vun eisen Hausdéiere reizen an esou Entzündungen erbäiféieren. Dobäi kënnt, datt et an d’Grondwaasser gerode kann an och zu Korrisiounsschiet u Gefierer, Betonsbautdeeler oder Stoldréier féiert.

Streesalz© Alice Donovan Rouse / Unsplash

Eng gëeegent Alternativ fannen ass net esou einfach

Als Alternativen zu Streesalz gëtt mat Splitt, Sand, Äschen, Holzspéin oder och Lavagranulat experimentéiert. Net ëmmer sinn dës Mëttel einfach anzesetzen, respektiv loosse si d’Stroossen net entdeeën, mee suerge just fir e bessere Grëff.

Splitt huet d’Eegenschaft, datt duerch déi schaarf Kanten keng Rutschgefor bestoe soll. Setze sech déi kleng Steng an eise Schongsuele fest, gëtt gären emol de Buedem verkraazt an och d’Patte vun eisen Hausdéiere sinn net wierklech frou mat de Stengercher. Dës Weideren kloe verschidde Gemengen, datt d’Gullie verstoppen, d’Gefierer beschiedegt ginn an et nom Wanter rutscheg gëtt.

Am Géigesaz dozou huet Lavagranulat keng schaarf Ecker, suergt fir den néidege Gripp a reduzéiert och d’Rutschgefor, doduerch datt et d’Fiichtegkeet deelweis opsuckelt. Nom Wanter kann de Granulat opgekiert ginn.

Och Sand kann eng Alternativ bidden. Et ass net ze deier a kann nom Wanter zesummegekiert, wann ee wëll souguer weider benotzt ginn. Allerdéngs erweist sech Sand als net ganz esou rutschfest, wouduerch méi oft gestreet muss ginn.

Als Offallproduit aus dem Kamäin wierken och Äschen de glate Stroossen entgéint. D’Holz dierf net traitéiert sinn, soss schiedegt et der Natur awer nees. Nom Wanter kënnen d’Äschen zesummegekiert a souguer a klenge Quantitéiten (!) als Dünger fir de Gaart benotzt ginn. Kritiséiert gëtt allerdéngs un dëser Method, datt d’Stroossen an d’Schong knaschteg an och vill gestreet muss ginn.

Wéi ee gesäit ass d’Sich no enger ekologescher an ekonomescher Alternativ net esou einfach wéi een denkt. An och wann d’Gemengen an d’Stroossebauverwaltung sech géint de Gebrauch vu Streesalz entscheede géif, gëtt d’Mëttel nach ëmmer fir de private Gebrauch verkaaft.

Opmaacherbild: © Kent Henderson / Unsplash

Related topics Glaat Stroossen, Lavagranulat, Problemer, Sand, Streeën, Streesalz, Stroossebauverwaltung, test, übung
Next post Previous post