Search

You may also like

Teletravail: Accord tëscht BE an LU bis den 31. Mäerz 2021 verlängert
Neiegkeeten

Teletravail: Accord tëscht BE an LU bis den 31. Mäerz 2021 verlängert

Gëschter ass de belsche Vize-Premier a Finanzminister Vincent Van Peteghem

Pandemie-Réckbléck:12 Doudesfäll vum 19. bis de 25. Oktober
Neiegkeeten

Pandemie-Réckbléck:12 Doudesfäll vum 19. bis de 25. Oktober

An der Woch vum 19. bis de 25. Oktober, ass

Flucht an den Nirwana
Neiegkeeten

Flucht an den Nirwana

Mëtt Mee war de belschen Zaldot Jürgen Conings (46) ënnergetaucht,

Street Angels Asbl: Schlofsäck géint d‘Keelt

Street Angels Asbl: Schlofsäck géint d‘Keelt

Et ass keng grouss Asbl, mee zanter dem Abrëll 2017 ass e Grappvoll onermiddlech Memberen am Asaz fir all déi wou keen Daach iwwert dem kapp hunn. All Samschdes vun 12 bis 19 Auer riichten si hiert „Zelt“ um Parvis vun den Amiperas zu Bouneweg (um leschte Steiwer) op a verdeele waarm Kleeder, ginn deem wou hongereg ass eppes z‘iessen. Bei de Street Angels ass ee gutt opgehuewen.

Gëschter sinn – et ass dat eng Première – dann och Schlofsäck verdeelt ginn. „Dat war einfach eng richteg Urgence“ esou eng vun den Dammen, déi drop higewisen huet, datt de Foyer Ulysse, deen direkt géinteniwwer hirer „Plaz“ geleeën ass a vun der Caritas geréiert gëtt, wéinst Renovéierung zou ass. Hei kënne bei normalem Betrib bis zu 64 Persounen ee Bett fir d‘Nuecht fannen.

Zu de Street Angels kommen awer net nëmmen d‘Cliente vum Foyer Ulysse. Mëttlerweil kommen och Flüchtlingen déi hir Demande refuséiert kruten an esou keen Usproch op eng Plaz an engem Foyer hunn. Si weise keen zréck dee sech ze behuele weess, huelen sech och fir e Gespréich déi Zäit déi noutwenneg ass, et sief den Undrang wier ze grouss, wat dann och oft de Fall ass.

Bei de Street Angels leeft alles op fräiwëlleger Basis of, firwat si besonnesch op Spenden ugewise sinn. Wien si finanziell wëll ënnerstëtzen, kann säin Don op de Postscheck (CCPLULL) LU36111170734319000 iwwerweisen. Wie Kleeder, Schong an ee Schlofsak oder Iesswuere wëll Spenden, soll sech w.e.g. mat enger Mail un streetangels.secretariat@gmail.com wennen.

Foto: D‘Schlofsäck si fuschnei an sollen och bei Minusgraden de „Besëtzer“ waarm halen. Et ass awer och dat beschtefalls eng „Noutléisung“ a wa Wunnen e Mënscherecht ass, wéi datt vu vill Gewerkschaften an enger grousser Unzuel u Politiker ëmmer verkënnt gëtt, muss och entspriechend eng ënnerholl ginn. Et geet net duer de Problem ze erkennen, et muss een deen och léise wëllen. © Street Angels

Related topics Bouneweg, Iessen a Gedrénks, Sans Abris, Schlofsak, Street Angels, Wunnen
Next post Previous post