Search

You may also like

Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen
Auto Neiegkeeten Sport

Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen

Gëschter Owend hat d’Stad Thionville an de Puzzle geruff, fir

money
En eenzegt Trauerspill
Auto Neiegkeeten Sport

En eenzegt Trauerspill

Den europäesche Finanzsommet, bei deem et nieft dem ominéise Konjunkturplang

Benjamin Netanyahu: „D‘USA hunn déi richteg Entscheedung geholl“
Auto Neiegkeeten Sport

Benjamin Netanyahu: „D‘USA hunn déi richteg Entscheedung geholl“

Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet sech um Dënschdeg

Street-Art Racing: „Mir komme vu Course zu Course virun!“

Street-Art Racing: „Mir komme vu Course zu Course virun!“

D‘Street-Art Racing-Ekipp huet well en Drëttel vun der Saison hannert sech. Nom Autodrom vu Monza stoung dës Kéier de Circuit Paul Ricard fir de Schwäizer Pascal Bachmann an de belsche Pilot Paul Theysgens um Programm. Och wann d’Resultater net den Erwaardungen entspriechen, den néidegen Optimismus ass do!

Et hunn 44 Ekippen un der Saison deelgeholl. Mat dësen Zuele bestätegt d’GTA 4 European Series op en Neits, datt si d’Meeschter an hirer Kategorie sinn.

D’Saison ass net nëmme räich u Quantitéit, mee och eng vun de Schäerfsten dëst Joer. Tatsächlech ass et esou, datt den Niveau mat de Jore geklommen ass. Mam Pascal Bachmann, dee sech als richtegen Gentleman hannert dem Steierrad erweist, esou wéi dem Paul Theysgens, deen nach ganz nei an der Zeen ass, huet den Team Manager vun der Street-Art Racing Ekipp bestätegt, datt si sech hier Plaz am Automobilsport musse sichen.

Street-Art Racing
© SRO/Dirk Bogaerts

An dësem Kader gëtt mat der ganzer Ekipp zesummegekuckt, si beschtméiglech ze trainéieren, et sinn och scho Fortschrëtter offensichtlech. Duerch déi sanitär Gesondheetskris ass de Pascal Bachmann am Joer 2020 keng Course gefuer. „Ech muss zouginn, datt dëse Manktem u Rhythmus méi däitlech opfält, wéi geduecht“, erkläert de Schwäizer.

D’Fuere mécht him nawell vill Spaass, mee hien huet net de Speed, deen e gären hätt. Et läit um Pascal Bachmann selwer sech ze verbesseren – an dofir muss den Automobilist aus senger Komfortzon erauskommen an all Erausfuerderung unhuelen. Dofir fënnt hien awer, datt de Championnat absolut fantastesch ass. An domat ass net nëmmen dat Organisatorescht gemengt, mee och den Niveau vun de Piloten.

Dobäi kënnt de Paul Theysgens, dee mam Karting ugefaangen huet a voller Éiergäiz fir d’Zukunft stécht. De Pilot huet nach villes wëlles!

Mat enger 6. an 8. Plaz an der AM-Kategorie hunn déi zwee Pilote villäicht net dat gewënschten Zil erreecht, mee an e puer Woche kënnen si erëm weisen, wat an hinne stécht.

Vum 18. bis den 20. Juni fënnt nämlech de Circuit vu Zandvoort statt. Et ass déi drëtt vu 6 Coursen. Am Juli geet et mat der GT4 European Series weider, dës fënnt am Kader vun der 24-Stonne-Course vu Spa statt.

Opmaacherbild: © SRO/Dirk Bogaerts

Related topics AM-Kategorie, Belsch, Circuit vun Zandvoort, Éiergäiz, GTA 4 European Series, Motosport, Pascal Bachmann, Paul Ricard, Paul Theysgens, Street-Art Racing
Next post Previous post