Search

You may also like

Marvin Hagler, wonnerbar Legend
Neiegkeeten

Marvin Hagler, wonnerbar Legend

Den Doud vum Marvin Hagler e Samschdeg, suergt fir Opreegung

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie
Neiegkeeten

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie

Nom scheitere vun den Onofhängegkeetsbestriewungen, war et eppes méi roueg

money
De Weltwirtschaftsforum vun Davos, erkläert
Neiegkeeten

De Weltwirtschaftsforum vun Davos, erkläert

Gëschter ass zu Davos, wéi all Joer ëm dës Zäit,

De Streik an de Fleegeheimer ass bäigeluecht

De Streik an de Fleegeheimer ass bäigeluecht

Nodeems sech d‘Fleegeheimer, mam Virwand sech aus dem Spidolsverband (FHL) zréckgezunn ze hunn, zolidd gewiert hunn, hir Salariéeën, déi awer nach ënnert den FHL-Kollektivvertrag falen, no dëse Konditiounen ze bezuelen, hunn sech déi bestreikten Haiser elo awer erginn.

Säit leschte Samschdeg ass dann och de Streik eriwwer. Um Freideg waren eng Delegatioun vum OGBL a Vertrieder vun der COPAS vun der Regierung empfaange ginn. Zesumme mam Premier Xavier Bettel (DP), dem Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an dem Sozialminister Romain (LSAP) Schneider, ass no enger Léisung gesicht ginn.

Et war dann och Zäit datt vun „uewen“ eng Decisioun geholl gouf. De Virschlag deen de Romain Schneider am Gepäck hat, huet déi néideg Garantien enthalen déi zu enger Beendegung vum Konflikt bäigedroen huet. Domatter haten d‘Haiser vun der Sodexo an Zitha Senior keng Grënn méi sech ze striewen, a si hunn dann och den Accord mam OGBL ënnerschriwwen.

Et hätt dierfe méi einfach sinn

Domatter sinn se elo net nëmme moralesch, mee och juristesch gebonnen. Et gëtt hei festgehalen, datt d‘Carrièren entspriechend dem FHL-Kollektivvertrag valoriséiert ginn. E Punkt deen u sech scho virum Streik kloer war, mee wou sech net wollt dru gehale ginn. Et war dann och däitlech ee vum Patronat provozéierte Streik deen d‘Salariéeën hu missen duerchzéien.

Mat dësem Accord ass dann elo awer och emol fir allemol Kloer, datt déi Leit an de Fleegeheemer – net nëmmen „An de Wisen“ oder bei „Zitha Senior“ – déi ënnert den FHL-Kollektivvertrag falen, bis zur Pensioun hire Statut „FHL“ behalen. Et ass och festgeluecht ginn, datt déi betraffe Salariéeë vun der weiderer Entwécklung vum FHL-Kollektivvertrag profitéieren.

Beim OGBL ass een, elo wou den Accord besigelt ginn ass, dann och esouwäit zefridden, woubäi ee bedauert, datt et iwwerhaapt huet missen zu esou enger, dach awer extremer, Ausenanersetzung huet misse kommen. Et hätt ee gewonnen an d‘Salariéeën hunn erhale wat hinne vun Ufank un zougestanen huet. Eng Victoire op déi d‘Leit wou gestreikt hunn an den OGBL dierfen houfreg sinn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Fleegeheimer, OGBL, Sodexo, Streik, Zitha Senior
Next post Previous post