Search

You may also like

Nach bis den 29. Mee: Verdeele vu Schutzmasken u Grenzgänger
Neiegkeeten

Nach bis den 29. Mee: Verdeele vu Schutzmasken u Grenzgänger

Zënter dem 11. Mee 2020 si méi wéi 90.000 Këschte

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!

Um 18. November 1928 war d’Gebuertsstonn vun der bekanntster Figur

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz
Neiegkeeten

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz

Déi CSV-Deputéiert Gilles Roth an Diane Adehm haten eng „urgent“

Erënnerung un de Streik vun 1942

Erënnerung un de Streik vun 1942

Nodeems dem NAZI-Gauleiter Gustav Simon den 30. August 1942 d‘Zwangsrekrutéierung vun de Gebuertsjoer 1920 bis 1924 proklaméiert hat, koum et am Land zum Opstand. D‘Aarbechter an d‘Beamten, jo esouguer d‘Baueren a vill Jugend (Studente, Léierbouwen, asw.) hunn den Dag drop d‘Aarbecht néiergeluecht.

Initiéiert gouf déi ganz Aktioun zu Wolz, mee den Opstand huet séier den Tour vum Land gemaach, an esou gouf zimlech zäitno, déi Wolzer Aktioun op den Industriestanduerter iwwerholl. Dat wollt a konnt den Okkupant sech net gefale loossen, firwat et séier zu Standgeriichter an Hiriichtunge komm ass. Honnerte Mënsche goufe verhaft an am weider Verlaf goufen eng 350 Mannerjäreger vun de Preisen an Ëmerzéiungslager verschleeft.

Gëschter ass dëse Mënschen, déi et gewot haten sech dem Besatzer entgéintzestellen am ganze Land geduecht ginn. Nieft Wolz a Schëffleng, déi als déi grouss Zentre vun der Aktioun zielen, hunn d‘Gewerkschaftler vum OGBL, zesumme mat den Escher Gemengevertrieder, de Courage an d‘Afferbereetschaft vun dëse Mënsche commemoréiert.

Foto: © OGBL

Related topics Commemoratioun, GauleiterSimon, StreikVum31August1942, Zwangsrekrutéierung
Next post Previous post