Search

You may also like

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser
Neiegkeeten

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser

Beim klenge „Sommet“ vun de Leader vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
Neiegkeeten

Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt

Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf

Kanns du dës Wierder richteg schreiwen?
Neiegkeeten

Kanns du dës Wierder richteg schreiwen?

[onionbuzz quiz-id=182][/onionbuzz] Wéi all Woch hu mer och haut erëm

De Strofvollzuch zu Schraasseg muss hannerfrot ginn

De Strofvollzuch zu Schraasseg muss hannerfrot ginn

Um Spéide Freideg Owend ware mir informéiert ginn, datt et am Prisong zu Schraasseg zu Onroue komm wier. D‘Prisonéier wéilten net an hir Zellen zréck, d‘Surveillanten hätten sech verschanzt, an et war och en Ament laang gefaart ginn, datt d‘Police mat engem „Kommando“ géi agräifen.

Kommunikatioun ass dann elo och net dat wouduerch sech d‘Direktioun vum Prisong auszeechent, an esou huet ee laang Zäit just „Rumeuren“ an „onbestätegt Informatiounen“ zur Hand. Et war dann de Justizministère, dee schlussendlech kommunizéiert huet, esou Rumeuren entschäerft, an vertraulech Informatioune bestätegt huet.

D‘Prisonéier hunn es déck um Häerzen, an den Onmutt hëlt dann och stënterlech zou. Wei et säitens dem Justizministère heescht, hätten um Freidegowend 21.30 Auer, ronn 200 Prisonéier sech geweigert an hir Zellen ze goen. De Ministère leet grousse Wäert drop ze betounen, datt et heibäi zu kenger Form vu Gewalt komm ass.

Et wier och zu kengem Ament d‘Police geruff ginn, an och d‘Giischtercher hätte kee Gebrauch vu physeschen oder materielle Menacë gemaach, fir nees Rou an dat ganzt ze bréngen. D‘Prisonéier hätten da géint 23.30 nees hir Zellen opgesicht.

Et rumouert schonn eppes méi laang

Wéi eis am Vertraue schonn de leschte Mount matgedeelt gi war, hätten den 29. Mäerz 80% vun de Prisonéier d‘Aarbecht néiergeluecht. Et war rieds dovunner, datt den Ombudsmann an esouguer de Minister sech en eegent Bild vun der Lag zu Schraasseg géife maache kommen. Et war eis net méiglech d‘Informatioun ze bestätegen, also hu mer eis zréckgehalen.

Den 10. Abrëll dunn alt nees eng onbestätegt Informatioun, laut där sech de Justizminister Felix Braz den 20. Abrëll zu Schraasseg géif mat der Direktioun an der Delegatioun vun de Prisonéier gesinn. De 16. Abrëll dunn nees eng vertraulech Informatioun, dës Kéier vun engem Giischtjen, dee d‘Lag am Prisong zu Schraasseg als kritesch betruecht huet.

Am Nomëtteg vum 26. Abrëll hunn eng 60 Leit aus der Wäscherei kuerzzäiteg d‘Aarbecht néiergeluecht, e puer Stonne méi spéit hunn sech eng Dose Prisonéier am „Haff“ geweigert zréck an hir Zellen ze goen. Um Freidegmueren hunn d‘Leit aus der Wäscherei guer net eréischt mat der Aarbecht ugefaangen, an op neits hunn eng Dose Prisonéier sech geweigert zréck an d‘Zell ze goen.

Wéineg Gespréichsbereetschaft ?

De Refus vun der Direktioun, sech den Doleance vun de Prisonéier unzehuelen, huet schlussendlech dozou gefouert, datt et um Freidegowend net e Grapp voll Leit waren déi hirem Onmutt fräie Laf gelooss hunn, mee ronn 200.

De Protest huet sech, ouni datt den Asaz vum GRIP (Groupe d‘Intervention Penitentiaire) néideg gewiescht wier, viru Mëtternuecht geluecht. Géint déi bedeelegt Prisonéier wieren „ugemoosse“ Sanktioune verhaange ginn, heescht et säitens den zoustännegen Autoritéiten.

Laut den Autoritéiten, wieren d‘Reklamatiounen déi vun de Prisonéier formuléiert gi villfälteg. Nieft de laange Prisongsstrofen an der Strengt vun den Amenden, géifen och Justizkäschte beklot. Mat hirem Protest, iergeren sech d‘Prisonéier och iwwert de Retard vum Gesetzprojet, dee sech mat der Ausféierung vun de Strofe befaasst.

Op a wéi ee gedenkt, sech dësem rekurrente Problem unzehuelen, doriwwer war bis ewell näischt gewuer ze ginn. Esouwuel d‘Administratioun vum Prisong, wéi och de Justizministère hunn sech nach net duerchgerongen, heizou Stellung ze huelen.

Related topics GRIP, Justiz, Prisong, Protest, Schraasseg
Next post Previous post