Search

You may also like

Finanzminister presentéiert de Budget 2019
International Money Neiegkeeten

Finanzminister presentéiert de Budget 2019

Et ass net dem Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), säin éischte

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur
International Money Neiegkeeten

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur

De Skandal deem sech Facebook selwer ausgesat huet, an deem

Lëtzebuerg braucht méi a virun allem mi sécher Vëlosweeër
International Money Neiegkeeten

Lëtzebuerg braucht méi a virun allem mi sécher Vëlosweeër

Bei der Generalversammlung vun der Lëtzebuerger Vëlos Initiativ (LVI) war

money

EU dierf Strofzoll op US-Importer erhiewen

Am Sträit ëm d‘US-Subventiounen huet d‘Welthandelsorganisatioun elo tranchéiert

EU dierf Strofzoll op US-Importer erhiewen

Well d‘US-Regierung de Fligerkonstrukteur Boeing massiv subventionéiert huet, dierf d‘Unioun elo ee Strofzoll am Géigewäert vu knapp 4 Milliarden US-Dollar géint d‘USA verhänken. Esou huet et d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) zu Genève entscheet, bleift awer wäit hannert den eigentleche Fuerderunge vun der Europäescher Unioun.

D‘Schlichter haten 12 Milliarden US-Dollar u Schued geltend gemaach, well den europäeschen Airbus-Konzern, duerch déi Boeing bewëllegt Staatshëllef um Maart iwwer Jore benodeelegt ginn ass. Um Enn ass dëse Montant dann op 8,6 Milliarden US-Dollar erofgeschrauft ginn. Mat dësem Urteel wier dann emol ee virleefege Schlussstréch ënnert ee 15 Joer unhalende Sträit gezu ginn.

Eng Beruffung an dësem Fall, deen och politesch „Téitschen“ tëscht den USA an der Europäescher Unioun hannerlooss huet, ass ausgeschloss. Bréissel huet schonn zousätzlech Douanestaxen op eng Rei US-Produkter, wéi de Ketchup ugekënnegt. D‘WTO-Schlichter hate schonn am Mäerz 2019 ofschléissend festgestallt, datt Washington déi reklaméiert Staatshëllef fir Boeing net agestallt hat.

Interessant an eigentlech en Trappewitz vun der Geschicht: dës Decisioun vun der WTO erfollegt ee Joer nodeems d‘Mediateuren dat gläicht Urteel an ëmgekéierter Richtung geschwat haten. D‘WTO hat 2019 den USA zougestane Strofzoll op Produkter aus der Europäescher Unioun – am Ëmfang vu 7,5 Milliarden US-Dollar/Joer – wëll och den Airbus-Konzern wesentlech Staatshëllef kritt huet.

Si si méi konsequent

Washington hat sengerzäit keng Zäit verluer, a wëll beim Geld bekanntlech all Frëndschaft säin Enn huet, ass d‘Urteel direkt a konsequent ëmgesat ginn. D‘Amerikaner hunn ënnert anerem den Import vu Botter, Kéis a Wäi méi deier gemaach. Och Komponente fir d‘Loftfaartindustrie si mat extra Douanestaxe vu bis zu 15% beluecht ginn. Betraff waren d‘Länner déi Airbus subventionéiert hunn.

Esou hunn hei haaptsächlech Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien d‘Rechnung fir d‘Gefuddels presentéiert kritt. Et muss hei gewosst sinn, datt déi Säit wou den Handelssträit fir sech entscheet, esoulaang dës Douanestaxen dierf erhiewen, bis de Looser déi reklaméiert Subventioune besäitegt huet. Bréissel behaapt, datt zanter Méint keng Subventioune méi un Airbus gefloss sinn.

D‘EU wëll dann elo och, datt d‘Erhiewe vum Strofzoll muss agestallt ginn. Bréissel fuerdert dozou eng Beurteelung vun der Welthandelsorganisatioun. Dat awer gestallt sech éischter komplizéiert, well d‘USA stramm beméit sinn, d‘WTO mat alle Mëttel ze lämen. Jo och d‘WTO ass eng vun de villen Institutiounen déi vun der Trump-Administratioun gedisst ginn. Et géif u Reforme feelen…

Boeing ass eppes onzefridden

Natierlech behaapten och d‘Amerikaner, datt si hir Staatshëllef un de Fligerkonstrukteur Boeing agestallt hunn. De Konstrukteur huet d‘Decisioun vun der WTO als „gewëssermoossen irrelevant“ duergestallt. Boeing huet an engem Communiqué wësse gelooss, datt een enttäuscht wier, datt EU an Airbus wieder um Strofzoll festhalen, wou dach erwise wier, datt keng Sue méi géife fléissen.

A well déi vun der WTO festgestallte Verstéiss vun den USA besäitegt sinn, wier dat vun de WTO-Schlichter geschwaten Urteel onbegrënnt. Boeing réit Airbus an den Technokrate vu Bréissel, sech hir Energie vir Besseres opzehiewen. Dat gesäit ee bei Airbus anescht. Hei gouf d‘Urteel vun der WTO begréisst an et well een un enger Léisung am éiwege Sträit ëm Subventioune matschaffen.

Airbus géif d‘EU-Kommissioun onageschränkt bei der Ëmsetzung vu Moossnamen ënnerstëtzen, déi erfuerderlech wieren, fir ausgeglache Konkurrenzbedéngungen ze schafen. Et wier un der Zäit eng längst iwwerfälleg Eenegung ze fannen, heescht et aus der Zentral vum Airbus-Konzern, déi hire Sëtz am südfranséischen Toulouse huet. Ganz esou einfach dierft dëse Wonsch net erfëllt ginn.

mat indymedia/gva

Illustratioun: © Kevin Bosc / unsplash

Related topics Airbus, Boeing, Douanestaxen, EU, Strofzoll, Subventiounen, USA, WTO
Next post Previous post