Search

You may also like

Fir d’Affer vun Tréier: Den David Ianni beréiert mat „Lamento“
Neiegkeeten

Fir d’Affer vun Tréier: Den David Ianni beréiert mat „Lamento“

Ganzer 6 Wochen ass et hir, dass en 51 järegen

Neiegkeeten

Konditiounen-Gewennspill2018

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Mam Schreck dovu komm: Explosioun un Triebwerk vu Boeing 777
Neiegkeeten

Mam Schreck dovu komm: Explosioun un Triebwerk vu Boeing 777

Nom Tëschefall zu Denver, deen eng Boeing 777 betrëfft, huet

D’Strooss ass keng Rennstreck – 3.491 Gesetzesverstéiss a knapp 2 Méint!

D’Strooss ass keng Rennstreck – 3.491 Gesetzesverstéiss a knapp 2 Méint!

Am Kader vun der Campagne D’Strooss ass keng Rennstreck, déi vum 5. Abrëll bis den 2. Juni 2019 am ganze Land gelaf ass, huet d’Police am ganzen 1.354 Kontrollen duerchgefouert. Wéi schonn am viraus annoncéiert louch de Schwéierpunkt op der Sécherheet vun de Motocyclisten. Natierlech ass awer all Persoun am Stroosseverkéier kontrolléiert ginn.

Bei dëse Kontrolle konnten am Ganzen 3.491 Gesetzesverstéiss festgestallt ginn:

  • 2.384 Protokoller fir d’Iwwerschreide vun der Geschwindegkeet
  • 792 Protokoller fir Problemer mat de Pabeieren
  • 294 Protokoller fir d’Net-Droe vum Sécherheetsgurt
  • 21 Verwarnunge fir Motocyclisten, déi ouni konformen, oder och ganz ouni Helm gefuer sinn

Fir d’Campagne huet d’Police decidéiert de sougenannten Enforcement Trailer op Plaze gestallt, déi bei de Motocycliste besonnesch beléift sinn. Vum 9. Abrëll bis den 2. Mee huet de mobille Radar zu Stolzebuerg a vum 3. Mee bis de 5. Juni um Groesteen geblëtzt.

Esou sinn 1.010 Protokoller fir 49 € un 642 Automobilisten an 368 Motocycliste geschriwwe ginn. Weider 186 Protokoller zu 145 € an 2 Punkte sinn un 71 Automobilisten an 115 Motocycliste gaangen, sou wéi 49 Persounen, déi wéinst exzessiver Vitesse elo op d’Geriicht kënne goen. Heirënner waren 14 Persounen op véier Rieder an 35 Persounen op zwee Rieder ënnerwee.

Déi héchst Vitesse konnt um Niklosbierg mat 194 km/h bei engem Automobilist an 212 km/h bei engem Motocyclist gemooss ginn. D’Police erënnert dobäi drun, datt des Kontrolle fir d’Stroossesécherheet gemaach ginn an och an den nächste Méint weider duerchgefouert ginn. Et gëllt also, sech och elo zu der summerlecher Zäit un de Code de la Route ze halen!

Related topics Automobilist, D'Strooss ass keng Rennstreck, Motocyclist, Police, Protokoll, Radar
Next post Previous post