Search

You may also like

Wéi gutt kenns du de Kanton Dikrech?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du de Kanton Dikrech?

[onionbuzz quiz-id=68][/onionbuzz] De Kanton Dikrech huet ganzer 12 Gemengen an

surprise
Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift
International Neiegkeeten

Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift

D‘Ausseminister vu Frankräich a Lëtzebuerg hunn sech um Freideg zu

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten
International Neiegkeeten

Schëffleng: Commemoratioun a Krisenzäiten

Wéinst der Covid19-Pandemie wat et de Schëfflenger Leit an de

Dräi Doudeger bei Ugrëff op Stroossbuerger Chrëschtmaart

Frankräich trauert, d‘Autoritéite léisen Terroralarm aus

Dräi Doudeger bei Ugrëff op Stroossbuerger Chrëschtmaart

E puer honnert Membere vun de Sécherheetskräfte waren iwwert déi ganz Nuecht – vum Dënschdeg op e Mëttwoch – mobiliséiert, fir den Tireur ze fannen, deen um Stroossbuerger Chrëschtmaart dräi Mënschen ëmbruecht an 12 Persounen deels schwéier blesséiert huet. D‘Regierung huet decidéiert den Terroralarm auszeléisen.

Bis zu 350 Mann, dorënner eng honnert Poliziste vun der „Criminelle“, mee och Zaldoten an zwee Helikopter, sinn hannert dem Mäerder hir. Dat huet den Inneminister Christophe Castaner, dee vum franséische President, Emmanuel Macron, an d‘Prefektur zu Stroossbuerg beuerdert gi war, gëschter am Kader de Medie matgedeelt. Hien huet bei dëser Geleeënheet de Virfall resuméiert.

„En Dënschdegowend ab 19.50 Auer huet den Tireur d‘Feier erëffent an op dräi Plazen den Terror verbreet“; esou den Inneminister, deen net op d‘Identitéit vum Täter agaangen ass. De Minister huet de Bilan virgeluecht: dräi Doudeger an 12 blesséiert Persounen, dovunner der sechs esou schwéier, datt muss mam schlëmmste gerechent ginn.

Den Täter huet sech och mat de Beamten en Schosswiessel geleescht, iert et him gelongen ass sech duerch d‘Bascht ze maachen. Bei dëser „Ausenanersetzung“ mat de Sécherheetskräften, wier den Tireur vun enger Patrull vun Zaldoten, déi zu Stroossbuerg un der „Operation Sentinelle“ bedeelegt sinn, blesséiert ginn. Och en Zaldot wier beim Schosswiessel verletzt ginn.

Et ass ee keen Onbekannten

„Mir hunn e puer Schëss héieren, dräi vläicht, a mir hunn Leit lafe gesinn. Eng Persoun ass gefall, ech weess net op et geschitt ass, well si getraff gouf oder sech nëmme vertrëppelt hat. D‘Leit an der Bar hu gejaut ‚maach zou, maach zou‘ an de Bistro huet zougemaach“, esou en éischten Zéien, dee sech a sengem Appartement verschanzt huet.

Chrëschtmaart

De Christophe Castaner huet preziséiert, datt de Personnage „onvirdeelhaft bekannt ass, dat wéinst gemengrechtleche Faiten, fir déi hie widderholl a Frankräich an Däitschland veruerteelt ginn ass“. De Brigang huet seng Strofen alleguerten ofgesiess. Laut dem Dossier, ass dëse Mann vun 29 Joer, e sougenannte „Fiché S“ – e Sécherheetsrisiko – a sollt e Dënschdeg verhaft ginn.

De Paräisser Parquet huet eng Enquête opgemaach fir: Mord, versichte Mord a Relatioun mat enger terroristescher Entreprise an Associatioun vu kriminelle Verbriecher. No dëser Tragedie huet sech d‘Regierung decidéiert den Niveau vum Plang „Vigipirate“ op „urgence attentat“ ze hiewen. Mat dëser Moossnam ginn d‘Kontrollen op de Grenzen an alle Chrëschtmäert verstäerkt.

Am Owend hat de Staatschef op Twitter de Stroossbuerger d‘Solidaritéit vun der ganzer Natioun ausgeschwat. Den traditionelle Chrëschtmaart vu Stroossbuerg, war am Joer 2000 eng éischte Kéier d‘Affer vun engem Uschlag. Zanterhier gëtt dëse Chrëschtmaart vun engem impressionnanten Dispositif iwwerwaacht. Hei si permanent 260 Polizisten am Asaz.

100% Sécherheet gëtt et net

Am Dezember 2016, war et en Attentat op der Berliner Chrëschtmaart, dee vir Schlagzeile gesuergt hat. En Attentat, dee sengerzäit vum Islamesche Staat (IS) revendiquéiert ginn ass, an vum engem Täter mat engem Camion vollbruecht gi war. Am Fall vu Stroossbuerg ass net geséchert, datt et sech ëm e reliéis motivéierten Uschlag handelt. Den Täter hätt sech awer radikaliséiert…

Chrëschtmaart

Zaldoten, déi am Kader vun der „Operation Sentinelle“ zu Stroossbuerg am Asaz sinn, war et och net méiglech dës Dot ze verhënneren. Laut leschten Informatiounen, géif sech den 29 Joer ale Verdächtegen, dee mat enger vollautomatescher Waff ënnerwee ass, am Quartier „Neudorf“ zu Stroossbuerg verschanzen. © Frederick Florin/AFP

No der Dot, ass den historeschen Zentrum vu Stroossbuerg, genannt „Gande Île“, vun der Police an den Zaldoten ofgespaart ginn. D‘Prefektur huet informéiert, datt den Uerder un d‘Leit, sech ze verschanzen, an der Nuecht opgehuewe ginn ass, an ab 2 Auer och de Stadzentrum nees accessibel war. Et waren allerdéngs kaum Mënschen ënnerwee, an déi deenen ee begéint ass wollte just Heem.

Éischt Stëmme gëtt et aus dem Ausland. Esou huet déi britesch Premierministesch, Theresa May, de Virfall mat Bestierzung opgeholl. De Spriecher vun der däitscher Regierung, Steffen Seibert, huet wësse gelooss, datt een zu Berlin „erschüttert“ ass, an den italienesche Premierminister, Matteo Salvini, huet säi vollt Engagement zougeséchert, fir all Terrorist opzespieren an ze eliminéieren.

Dës Schéisserei huet an engem ugespaante Kontext stattfonnt. Engersäits steet Frankräich säit den dschihadisteschen Uschléi – déi zanter 2015 fir 246 Affer verantwortlech gemaach ginn – ënner Drock, an mam Mouvement vun de sougenannten „giele Gileten“ sinn och d‘Sécherheetskräften hunn d‘Autoritéiten och kee rouege Moment méi. Op dësen Episode hätt ee verzichte kënnen…

mam Hervé Asquin/AFP

Foto: An der „Haaptstad“ vu Chrëschtdag, huet gëschter e Mann vun 29 Joer, deen eigentlech Moies vun der Police sollt verhaft ginn, dräi Mënschen erschoss an 12 Persounen deels ganz schwéier blesséiert. De Chrëschtmaart vu Stroossbuerg huet fir de Ament seng Dieren zou gemaach, an och soss kulturell Evenementer sinn aus Respekt virun den Affer, mee och aus Sécherheetsgrënn bis op Weideres ofgesot. © Frederick Florin/AFP

Related topics Attentat, Chrëschtmaart, Christophe Castaner, Emmanuel Macron, Operation Sentinelle, Plan Vigipirate, Stroossbuerg
Next post Previous post