Search

You may also like

No den Attentater vu Christchurch: Ugeklote bekennt sech schëlleg
Neiegkeeten

No den Attentater vu Christchurch: Ugeklote bekennt sech schëlleg

Gutt ee Joer nom Terroruschlag zu Christchurch (Neiséiland) huet sech

Dem Boris Johnson säi Leidenswee
Neiegkeeten

Dem Boris Johnson säi Leidenswee

D‘Entscheedung vum House of Commons zum neie Brexit-Deal verzögert sech

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden
Neiegkeeten

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden

Am UN-Sécherheetsrot zu New York war gëschter dee vum Donald

Neie Stroossebelag fir d’Hammer Strooss

Neie Stroossebelag fir d’Hammer Strooss

Vum 11. bis den 13. September kritt de Stroossebelag an der Hammer Strooss eng nei Couche. An dësem Kader informéiert d’Stad Lëtzebuerg Iech, datt et zu Ännerungen a Stéierungen am Stroosseverkéier ka kommen. Och de mobillen Transport ass betraff.

Et kënnt zu folgenden Ännerungen: Duerch d’Aarbechten ass d’Hammer Strooss (den Ofschnëtt tëscht der Englebert Neveu Strooss an dem Gebai mat der Hausnummer 174) fir de Verkéier gespaart. Selbstverständlech suergt de Service vun der Zirkulatioun vun der Stad Lëtzebuerg fir eng uerdentlech Beschëlderung.

Wärend den Aarbechte kënnt et am ëffentlechen Transport zu folgenden Ännerungen:

  • Vun der Bannestad op Bouneweg kommend, gëtt d’Linn 9 op den Arrêt Ierzkaulen beschränkt. D’Arrête Hamm-Colonie, Hamm-Schoul, Hamm-Kierch, Rue Haute, Käschtewee a Rue de Bitbourg falen ewech. De Retour wäert vun Ierzkaulen op Bouneweg (a sou weider) erméiglecht ginn.
  • Vun der Bannestad a Clausen gëtt d’Linn 15 bis zum Arrêt Hamm (virleefegen Arrêt rue des Peupliers) als provisoresch Endstatioun agesat.
  • D’ Arrêten Hamm-Schoul, Hamm-Colonie an Ierzkaulen ginn annuléiert. De Retour erfollegt vun Hamm a Richtung Fetschenhaff – Clausen.

Vu Bouneweg aus fiert d’Linn CN3 bis Englebert Neveu – dono zeréck op Bouneweg sou wéi an den Zentrum. De Verkéier am ieweschten Hamm sou wéi an d’Richtung Polvermillen gëtt agestallt.

Dat sinn folgend Arrêten: Hamm-Colonie, Hamm-Schoul, Hamm-Kierch, Peupliers, Pulvermühl, Hammer Dällchen a General Patton. Et bleift nach ze soen, datt d’Aarbechten duerch schlecht Wiederbedingungen op een aneren Datum geréckelt kënne ginn.

Related topics Chantier, Ëffentlechen Transport, Hamm, Stad Lëtzebuerg, Stroossebelag
Next post Previous post