Search

You may also like

Vernonft a Verstand „made in“ USA
Neiegkeeten

Vernonft a Verstand „made in“ USA

Mat ronn 69.000 bestätegten Neiinfektioune mam Coronavirus bannent 24 Stonnen,

Hal op däin Zigarettestomp einfach op de Buedem ze geheien!
Neiegkeeten

Hal op däin Zigarettestomp einfach op de Buedem ze geheien!

Zigarettestëmp sinn net eleng zu Bréissel eng Pescht, mee déi

Tornado zu Käerjeng a Péiteng – Ofschloss vum Krisenzenter
Neiegkeeten

Tornado zu Käerjeng a Péiteng – Ofschloss vum Krisenzenter

De Krisen Zentrum mat Helpline vun der Gemeng Käerjeng deen

Bedeite méi Stroossekontrollen méi Sécherheet?

Oder ass et e weidere Schrëtt a Richtung Iwwerwaachungsstaat?

Bedeite méi Stroossekontrollen méi Sécherheet?

Fir mat Tweets fir Diskussiounen ze suergen muss een net Donald Trump heeschen. Dat weess de François Bausch (déi gréng) och. Virun e puer Deeg hat de François Bausch mat engem Tweet fir Opreegung gesuergt.

Wéi hien vun de Motorradsakzidenter liest, schreift den deen heiten Tweet:

Quell: Screenshot/Twitter

Et gouf do eng kleng Diskussioun: Déi eng hunn sech hannert de Minister gestallt, anerer fäerten eng erhéichten Iwwerwaachung. De Laurent Mosar (CSV) an de Gilles Roth (CSV) stellen elo eng parlamentaresch Fro, wou se och d’Äntwert vun der Police widderhuelen. Do gouf éischter eng gesteigert Preventioun gefuerdert. Awer net méi Kontrollen.

Mee bestätegt sech eigentlech deen Androck, deen de François Bausch vermëttelt? E Bléck an d’Statistike gëtt engem do eng besser Siicht op d’Saach. Laut Statec sinn 2016 29 Leit duerch Verkéiersaccidenter gestuerwen. Dat sinn der sou vill, wéi 2010, wou en Déifstand erreecht ginn ass. A ganz Europa sinn laut Eurostat 2015 ëm 26.000 Persounen am Stroosseverkéier ëmkomm.

Falsch Plaz fir Debatt?

Während déi éischt Fro vun den zwee CSV-Deputéierten nofreet, op den Innenminister dës Positioun vun der Police deelt, ass déi zweet Fro e stéck méi komplex. Do gëtt gefrot, firwat den Nohaltegskeets- an Infrastrukturminister ëffentlech méi Kontrolle gefuerdert huet, anstatt dat intern, beispillsweis am Conseil de Gouvernement ze thematiséieren.

Related topics François Bausch, Gilles Roth, Infrastruktur, Laurent Mosar, Lëtzebuerg
Next post Previous post