Search

You may also like

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall
Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall

Aus roude Steng ass se gebaut, mat Begeeschterung gëtt et

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!
Neiegkeeten

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!

De Client muss wierklech immens zefridde mam Service gewiescht sinn,

Mord oder Häerzinfarkt?
Neiegkeeten

Mord oder Häerzinfarkt?

De Mohammed Mursi, kuerzzäitege President vun Egypten a Moslembruder (fundamentalistesch-radikal)

Stroum beweegt – Eng Initiativ fir d’elektresch Zukunft

Stroum beweegt – Eng Initiativ fir d’elektresch Zukunft

Laut der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg géifen 67% vun den ausgestoussenen CO2-Emissiounen vum Transportsecteur kommen. Duerch déi verschidde Moossnamen, déi d’Elektromobilitéit fërderen sollen, wëll een net nëmmen d’Klimaziler erreechen, mee och d’Loftqualitéit verbesseren an de Kaméidi op de Stroosse reduzéieren. Hei soll d’Initiative „Stroum beweegt – Elektresch an d’Zukunft“ säin Deel bäidroen.

Laut den Zuele vun 2019 vun der Europäescher Ëmweltagentur (EEA) läit Lëtzebuerg mat 133.0 g CO2 pro Kilometer iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt vun 123.0 g CO2 pro Kilometer. De Groussherzogtum huet sech awer héich Ziler gesat: 30 Milliounen emissiounsfräi Gefierer bis 2030, wouduerch d’Elektromobilitéit mat 49% vertruede wier, a bis 2050 quasi just nach emissiounsfräi Gefierer.

Stroum beweegt
Presentatioun vu „Stroum beweegt – Elektresch an d’Zukunft“

E puer aktuell Zuelen vu Lëtzebuerg hunn de Vizepremier an Transportminister François Bausch, d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes presentéiert. Esou ziele mir aktuell 500 Chargy a ChargyOK-Opluetstatiounen, wat 1.000 Plazen entsprécht. 100 vun 102 Gemengen hunn op mannst eng Statioun an dës ëffentlech Opluedstatioune ginn zu 100% mat erneierbarer Energie versuergt. Dës weideren solle bis 2023 ganzer 88 SuperChargy-Statiounen fir en ultraschnellt Oplueden am ëffentleche Raum zur Verfügung stoen.

Am vergaangene Joer waren 11,2% vun den nei immatrikuléierte Privatautoen elektresch an am Februar 2021 sinn 190.000 kWh grénge Stroum getankt ginn – dat entsprécht 1.100.000 zeréckgeluechte Kilometer. Am Beräich vum ëffentlechen Transport si 7% vun de Kilometeren, déi RGTR-Bussen zeréckgeluecht hunn, „elektrescher Natur“.

Stroum beweegt
Presentatioun vu „Stroum beweegt – Elektresch an d’Zukunft“

Nieft der Verlängerung vun der „Clever fueren“-Primm gouf elo, mat Ënnerstëtzung vu myenergy, d’Initiative „Stroum beweegt“ an d’Liewe geruff an huet sech als Zil gesat, d’Entwécklung vun der Elektromobilitéit um Maart ze ënnerstëtzen a virunzebréngen. Wien de grénge Label erhale wëll, muss eng Charta ënnerschreiwen a konkret Moossnamen an/oder Projeten presentéieren, déi dëst Zil mat ënnerstëtzen.

An dësem Kader soll zesumme mat den engagéierten Acteuren eng Plattform vum Echange, a Form vu Reunioune organiséiert ginn. Déi Éischt wäert am Juni 2021 stattfannen.

Aktuell kënnen 20 Acteuren aus de verschiddenste Beräicher (ëffentlech Acteuren, Zentren vun der Recherche, Busentreprisen, Stroumfournisseuren, …) de Label virweisen.

D’Moossnamen a Projeten bezéie sech ënnert anerem dorop den ëffentlechen Transport ze elektrifizéieren, Opluetstatiounen och a Wunngebaier unzebidden, an den nationale Reseau un Opluetstatiounen auszebauen.

Weider Informatioune ginn et op www.stroumbeweegt.lu.

Related topics Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Clever fueren, CO2-Emissiounen, Douce Mobilitéit, Elektromobilitéit, François Bausch, Opluetstatiounen, PNEC, Stroum beweegt – Elektresch an d'Zukunft, SuperChargy
Next post Previous post