Search

You may also like

Eppes Respekt wann ech gelift!
Neiegkeeten

Eppes Respekt wann ech gelift!

Beim LCGB, déi majoritär Gewerkschaft am Transportsecteur, ass een zolidd

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op
Neiegkeeten

Mat der Reprise vun den Aktivitéite kommen och Froen op

Dat déi progressiv Relance vun de Wirtschaftsaktivitéiten eng ganz Rëtsch

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?
Neiegkeeten

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?

Dës Fro stellt sech d’CSV. An engem Pressecommuniqué detailléiere si,

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren

Nodeems et verschiddentlech Virfäll ginn huet, déi alt nees fir gratis Polemik a politescht Gejäiz gesuergt hunn, hunn sech déi zoustänneg Autoritéiten a Ministère eppes an d‘Geschir gehäit. Hei dann elo eng kuerz Situatiounsiwwersiicht.

Bis zum 1. Abrëll goufen an den Alters- a Fleegeheemer ronn 1.900 vun 6.400 Insasse positiv op de Covid19 getest. Et gëtt allerdéngs kee Muster, am Kontext vun den Infektiounsfäll an/oder Cluster. Et géif eng Struktur déi bis ewell nach kee Fall hat, an dofir Ariichtungen, wou iwwer zweedrëttel vun der Residenten sech de Virus averleift hunn. Firwat dat esou ass, weess natierlech och keen.

Et heescht dann och ëmmer „et muss en dat elo ganz genee analyséieren“, woubäi sech d‘Fro stellt, wat et do soll ze analyséiere ginn, wann dach eigentlech d‘Zil dat ass, kengem d‘Schold ze ginn. Et kéint een elo uféiere, datt et ee berechtegt Interessi dorunner huet, Informatiounen ze sammelen, fir bei der nächster Pandemie méi effizient a besser virbereet opgestallt ze sinn. Dat wier glat gelunn.

Problematesch ass dann awer och, datt elo wou – zumindest ass et déi offiziell Duerstellung – alles an den Haiser, also Alters- a Fleegeheemer, ausser engem groussen Deel vum Personal, geimpft ass nach ëmmer positiv Fäll ze notéiere sinn. Dobäi ass et esou verwonnerlech net: et gouf jo laang a breet erkläert, datt den Immunsystem vun de Senioren „eppes manner performant“ soll sinn.

Senioren

Wann sech dann awer elo awer alles mat der Lëtzebuerger Impfstrategie esou opgeet, wéi dat vu Regierung a Wëssenschaft propagéiert gëtt, sollt ee Mëtt Juli d‘Pandemie hannert sech gelooss hunn, an nees ganz normal d‘Liewe genéisse kënnen. Den Ament klemmt et jo nach ee bëssi an et gëtt därer, wéi den Dr. Claude Muller (LIH) déi eng Impfflicht fir de Secteur begréisse géifen.

Laut dem aktuelle Stand sinn: 52% vum Gesondheetspersonal ausserhalb de Spideeler, 60% vun den Hausdokteren, 69% vum Gesondheetspersonal bannent de Spideeler an 79% vun den Apdikter geimpft. En Impfzwang allerdéngs, léist sech net mat eisem Aarbechtsrecht vereenbaren, an Unhand der Kakophonie tëscht Politik a Wëssenschaft, kann engem d‘Loscht op d‘Impfung jo och vergoen.

An dann deit sech elo och nach den Dissens un, deen iergendwellech ganz gescheit Experten dank „Privilegie fir Geimpfter“ zwanghaft erbäiféiere wëllen. Et ass jo elo net esou, datt d‘Gesellschaft géif zesummenhalen, an een et fir selbstverständlech hëlt, datt elo wou de Jean Louis Schiltz a seng Copaine vum HRS-Verwaltungsrot bedrunn hunn, si och sollten dofir mat Fräiheete belount ginn.

Illustratioun: © Tony Reid / unsplash

Related topics Altersheem, Betreit Wunnen, Cluster, Copas, Covid19-Pandemie, Fleegeheem, LIH
Next post Previous post