Search

You may also like

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg

Zënter haut de Moien 10 Auer huet den neien Decathlon

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!
International Neiegkeeten

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!

Et war nach roueg um Mëttwoch de Moien zu Réimech

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz
International Neiegkeeten

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz

Beim Verband vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD) ass d‘Opreegung

De Student erschéisst seng Elteren um Campus vun der Uni

De Student erschéisst seng Elteren um Campus vun der Uni

Um Freidegmueren huet e 19 järege Student seng Elteren um Campus vun der Central Michigan University, zu Mount Pleasant, erschoss. Esou de Communiqué vun der Universitéit, aus deem ervirgeet, datt de presuméierten Täter nach net verhaft ginn ass.

D‘Police hat am Muere matgedeelt, datt et eng Rei Schëss an der Campbell Hall, engem Gebai um Universitéitsgelänn ginn huet. Méi war bei enger éischter Stellungnam net gewuer ze ginn. Eppes méi spéit huet d‘Universitéit d‘Affer, als d‘Eltere vum presuméierten Täter, James Eric Davis, identifizéiert . Si koumen aus engem Viruert vu Chicago.

„Déi verstuerwe Persounen si keng Studenten“ esou eng éischt Prezisioun vun der Uni. Weider huet et geheescht, datt d‘Police unhëlt datt et sech bei dësem Virfall ëm eng Familljesituatioun ka gehandelt hunn. Iwwert d‘Motivatioun vum presuméierten Täter kann zur Zäit nëmme Spekuléiert ginn.

Schlechten Ëmgang mat Drogen?

An der Nuecht virun der Dot, wier den James Eric Davis wéinst „enger Iwwerdosis oder enger allergescher Reaktioun op Drogen“ an d‘Spidol ageliwwert ginn, esou eng weider Informatioun vum Spriecher vun der Universitéit.

Den Uert vum Verbrieche war stonnelaang ofgespaart bliwwen, während d‘Police nom presuméierten Täter gesicht huet. Wou sech de 19 järegen am Ament ophält ass net gewosst. Zudeem muss gewosst sinn, datt de Campus vu Mount Pleasant, vun iwwer 18.000 Studente besicht gëtt.

An den amerikaneschen Noriichten ass dëse Virfall, just e „Fait Divers“, kaum datt nach vun der Schéisserei zu Parkland rieds ass. Hei stäipen sech déi jonk och weiderhi géint dat aktuellt Waffegesetz a fuerdere vun der Politik datt endlech gehandelt gëtt. 17 Mënsche waren ëmmerhi beim Ugrëff op d‘Marjory Stoneman Douglas Highschool gestuerwen.

Et wäert dann och net laang brauchen, bis et erëm an enger Schoul, op enger Universitéit, oder soss engem Event en Dabo gëtt, dee ronderëm sech schéisst. An engem Land, wou et méi Waffe wéi Awunner gëtt, schéngt ee bereet ze sinn, de Präis vun dëser Fräiheet mam Liewen anerer ze bezuelen.

mat AFP

Related topics Elteren, Schéisserei, Universitéit, USA, Waffen
Next post Previous post