Search

You may also like

Kee Peage fir d‘Haaptstad
Neiegkeeten

Kee Peage fir d‘Haaptstad

De Rechnungshaff hat a sengem Avis zum Budget 2020, drop

CARE Rapport: Nach ëmmer gëtt d’humanitär Hëllef fir Fraen a Meedercher ënnerfinanzéiert
Neiegkeeten

CARE Rapport: Nach ëmmer gëtt d’humanitär Hëllef fir Fraen a Meedercher ënnerfinanzéiert

Am Virfeld vum Weltfraendag, deen um 8. Mäerz stattfënnt, zitt

Giel Gileten Akt XIII: Gewaltbereetschaft ass ongebrach
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XIII: Gewaltbereetschaft ass ongebrach

De Mouvement vun der giele Gileten (gilets jaunes) ass gëschter

Studentefoire 2019: Schaffe goen oder studéieren?

Zwee ganzen Deeg laang konnten sech d‘Studenten op enger hinnen dediéierter Foire iwwert déi Méiglechkeeten informéieren, déi hinne gebuede gi wa si mat der Schoul fäerdeg sinn. Op een elo studéiere wëll oder vläicht awer léiwer schaffe geet, op der Studentefoire gouf et vill ze entdecken.

Mat 220 Aussteller war d‘Offer dann och zimlech ëmfangräich, woubäi sech natierlech besonnesch d‘Universitéiten an Héichschoulen hei ervirgedoen hunn. Esou waren an der LuxExpo net nëmmen europäesch Universitéiten an Héichschoule vertrueden, och esou „exotesch“ Länner wéi Japan hunn sech engem interesséierte Public gewisen. Et war een dann och gutt beroden ee Plang ze hunn…

Nieft de Schoulen hunn esou zimlech all d‘Ministèren e Stand gehat, wat och Sënn mécht, well et gi beim Staat vill interessant Offere fir jonk Mënschen déi sech fir d‘Gesellschaft am allgemengen an dem Land am Besonneschen, wëllen asetzen. Mee net nëmmen d‘Ministère sichen no schlaue Käpp.

Och den CGDIS, d‘Douane, d‘Police an d‘Arméi brauchen Nowuess an eppes steet fest, do ass ee gutt opgehuewen. A firwat och net e Beruff bei der Arméi léieren? Nieft enger villsäiteger Aufgab, kann ee sech bei der Arméi wierklech op d‘Liewe virbereeden. D‘Arméi konnt sech op hirem Stand dann och net iwwert ee Mangel un Interessi bekloen. Dat gëllt zum Gléck och fir de CGDIS.

Eppes méi „verstoppt“ awer vun alle besicht, d‘Stänn vun de Jugendsektioune vun de Parteien. Hei ass natierlech ëm Politik gaangen, mee et dierf ee behaapten, datt d‘Gesellegkeet an de Spaass hei am Virdergrond gestane sinn. Woubäi, et ass wichteg sech politesch ze engagéiere wann ee selwer seng Zukunft bestëmme wëll. D‘Welt ass voller Beispiller wat geschitt wann een et net mécht…

Cool an onëmgänglech, och all déi „Studentevertriedungen“ op den Universitéiten am Ausland. Si sinn eppes wéi d‘Gewerkschaft vun de Studenten am Ausland. Si hëllefe bei de sëlleche Froen déi do op een duer kommen, organiséiere vill Aktivitéiten a si ganz gutt ënnert enaner vernetzt. Super!

Wéi ee ka gesinn, d‘Studentefoire – et gëtt gemunkelt et wiere manner leit do gewiescht, wat mir elo net feststelle konnten – ass wäit méi interessant wéi et oft duergestallt gëtt. Si erfëllt och nach eng ganz wichteg Funktioun. Wien nach onentschloss ass oder sech scho Gedanke gemaach huet, mee sech nach net festleeë konnt, deem konnt op der Studentefoire gehollef ginn. An dat zielt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Luxexpo The Box, Studentefoire 2019
Next post Previous post