Search

You may also like

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland

Leschten Donneschdeg sinn d’Membere vum drëtte Kontingent vun der Lëtzebuerger

Jugend-Chômage: Et muss elo gehandelt ginn
Neiegkeeten

Jugend-Chômage: Et muss elo gehandelt ginn

Datt déi sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, net

4 Froen un d’Crew vun der Sea-Watch
Neiegkeeten

4 Froen un d’Crew vun der Sea-Watch

Den Ambroise ass Matrous u Bord. Hien ass säit 2016

Studentefoire 2020: De Minister Meisch weist sech zefridde mam digitale Wee

Studentefoire 2020: De Minister Meisch weist sech zefridde mam digitale Wee

Déi 34. Editioun vun der traditioneller Lëtzebuerger Studentefoire ass net wéi gewinnt an den Hale vun der Luxexpo organiséiert ginn, mee huet um digitale Wee stattfonnt. Nodeems op der Säit vum CEDIES den immensen Erfolleg mat „richteg ville Klicks“ ervirgehuewe ginn ass, huet d’Deputéiert Francine Closener (LSAP) emol méi genee nom Bilan gefrot.

An der parlamentaresch Fro N°3176 huet si sech dofir un de Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung geriicht. Ma, duerch d’Gréisstenuerdnung vum Evenement an dat neit Konzept wäert et wuel nach e bëssen daueren, bis e generelle Bilan verëffentlecht ka ginn. Schliisslech wéilt een all concernéiert Acteuren an d’Evaluatioun abannen, wat dann och Zäit an Usproch hëlt.

E puer Zuele konnt de Minister awer schonn erausginn. Am Ganze sinn 107.424 Visitten op de Stänn verzeechent ginn. Besonnesch gutt koum d’Konzept vun der Entdeckungsphas un, bei där sech d’Schüler scho virun der eigentlecher Foire mam neien Outil konnte vertraut maachen. Wärend dëser Period (9. bis 11. November 2020) koum et zu 39.425 Visitten an um 12. an 13. November – den offiziellen Deeg vun der Studentefoire – zu 68.036 Visitten. Dass dat eigentlech eng Zomm vun 107.461 Visitten ergëtt, sollt vläicht un dësem Punkt erwäänt ginn.

Dës weideren koum et zu bal 4.000 aktiv Participatiounen un de Webinairen, 1.769 Gespréicher am Chatberäich an 29.327 Klicks op Broschüren a Videoen vun den Exposanten. An dësem Kader hieft de Minister Meisch awer ervir, datt een d’Klick-Zuel an de Kontext setze muss. Ee Klick entsprécht schliisslech net enger Persoun bei enger regulärer physescher Visitt an ee Visiteur huet d’Méiglechkeet méi oft op ee Feld ze klicken.

Studentefoire

Dat bekannten Zil fir d’Schüler vun den Ofschlossklassen ausräichend iwwert d’Studieméiglechkeeten, d’Studenteliewen an d’Perspektiven ze informéieren, hätt een op alle Fall erfëllt. En direkte Verglach zur physescher Studentefoire ass allerdéngs net méiglech. Bei de vergaangenen Editiounen huet ee keng ähnlech Zuele gesammelt fir elo béid Aarten géigeniwwer ze stellen.

Et bleift bei der zäitlecher Begrenzung

D’Deputéiert Francine Closener erkennt d’Méiglechkeete vu virtuelle Plattform an huet domat zu Recht nogefrot, ob dës digital Studentefoire net iwwert e längeren Zäitraum kéint accessibel bleiwen. Heirobber huet den Educatiounsminister geäntwert, datt een d’Evenement wéi gewinnt op e puer Deeg begrenze wollt. Natierlech kéint een d’Plattform op e puer Deeg oder Wochen méi ausweiten. Allerdéngs besteet do de Problem, datt d’Informatioune vun de méi wéi 180 Exposanten reegelméisseg aktualiséiert musse ginn.

Hie verweist dofir op www.cedies.lu, wou dat ganzt Joer iwwer Informatioune fir zukünfteg Studente zu de verschiddensten Themeberäicher bereet stinn. Ënnert anerem kënnen esou och déi staatlech Studiebäihëllef ugefrot an individuell Froe beäntwert ginn. Donieft kënne concernéiert Jugendlecher sech un den ACEL, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentecerclen, wennen.

Fir d’Schouljoer 2020/2021 si ganzer 8.848 Schüler op enger 2ième, respektive 1ière (Classique, General an Diplôme du Technicien) ageschriwwen. Ob et an dësem Joer nees zu enger reng digitaler Studentefoire, oder och zu enger Kombinatioun aus der traditionell physescher Foire an der Internetplattform gëtt, ass aktuell net gewosst.

Opmaacherbild: © SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Archivfoto vum 15.05.2020)

Related topics Bilan, Chat, Claude Meisch, Francine Closener, Klicks, Klickzuel, LSAP, Studentefoire 2020, Studentefoire goes digital, Succès, Webinaire
Next post Previous post