Search

You may also like

OPGEPASST: Delhaize rifft Sesam an eng Bûche zeréck
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Delhaize rifft Sesam an eng Bûche zeréck

Bei den alldeegleche Qualitéitskontrolle vun de Produiten beim Delhaize ass

What the Fakt – internationale Konfetti-Dag
International Neiegkeeten

What the Fakt – internationale Konfetti-Dag

Et gëtt faarweg an lëschteg! Mir kënne Konfetti just vun

D‘Erschéissunge vum 25. Februar 1944 zu Hinzert
International Neiegkeeten

D‘Erschéissunge vum 25. Februar 1944 zu Hinzert

E Méindeg 25. Februar 19 Auer – MnR – Sprooch:

De Stuerm „Bella“ laut d‘Joresenn an

De Stuerm „Bella“ laut d‘Joresenn an

„Bella“ esou de Numm deen d‘Meteorologen dem Stuerm ginn hunn, dee sech de Weekend iwwer besonnesch am Raum „Äermelkanal“ breet gemaach huet, war allgemeng och am Inland ënnerwee. Groussbritannien, Frankräich mee och d‘Belsch hunn eppes dorënner gelidden.

Virun allem d‘Küstegebidder vu Groussbritannien a Frankräich waren zolidd Betraff. Dausende Menage (éischte Schätzungen no 18.000 Stéit) waren ouni Stroum. De Verkéier war entspriechend beanträchtegt: Zuchverbindunge sinn ausgefall an um Paräisser Fluchhafe Charles de Gaulle si mindestens 30% vun de Flich mat Verspéidunge vu bis zu 50 Minutte gestart.

Och a Groussbritannien ass d‘Stroumversuergung ausgefall (hei sollen eng 20.00 Stéit betraff sinn). Op der Isle of Wight goufe Wandspëtzte vu bis 170 Km/H gemooss. Am Oste vun England huet et massiv Iwwerschwemmunge ginn. Hei waren d‘Grofschaften Northamptonshire a Bedfordshire am stäerkste betraff. A Südengland huet den Zuchverkéier missen zäitweis ganz agestallt ginn.

Wéi et bei eis ausgesinn huet

Bei eise belschen Noperen, haten d‘Autoritéite fir d‘Provënze vu Léck, Namur a Lëtzebuerg fir de Stroosseverkéier den Niveau Orange ausgeruff. Et war de Leit gerode ginn doheem ze bleiwen a sech vu Bëscher, Beem an aner „Espaces verts“ ewech ze halen.

Dës Warnung sollt sech als richteg erweisen. Um Sonndeg war d‘E42 an der Mëttegstonn kuerz wéinst Äscht op der Strooss gespaart ginn. Op der E411 (Arel – Namur) waren op der Héicht vu Léglise Camionen an d‘rutsche komm an och der Héicht vu Libramont hu Camione wéinst de Wiederkonditioune misse stoe bleiwen. Op den Héichten ass dann och eppes Schnéi gefall.

StuermEn Androck vum schéinen Housen, gëschter géint 16 Auer © Ralph Mores (via Facebook)

An den Ardennen (Hautes Fagnes) huet et entspriechend der Saison geschneit. Um Méindeg Muere goufe jee no Regioun tëscht 10 a 25 Zentimeter Neischnéi gemooss. Wéi et heescht, soll dësen sech iwwer déi nächst halen. Bei eis war et dann och éischter den Norde vum Land deen eppes Schnéi ofkritt huet. MeteoLux huet gemellt, datt haut a muer mat Schnéi a Schnéireen ze rechnen ass.

Illustratioun: © Damian McCoig / unsplash

Related topics Äermelkanal, Ardennen, Belsch, Frankräich, Groussbritannien, Stuerm Bella
Next post Previous post