Search

You may also like

Rousegäertchen: Feier am ënnerierdesche Parking!
Neiegkeeten

Rousegäertchen: Feier am ënnerierdesche Parking!

Gëschter huet beim CGDIS den Telefon net ze mann geschellt.

Appell zum 1. Mee
Neiegkeeten

Appell zum 1. Mee

Den 1. Mee ass a bleift den Dag vun de

Editorial: Héijer Politik?
Neiegkeeten

Editorial: Héijer Politik?

De Boris Johnson hat et ugekënnegt, senge Wieler a Supporter

Stuerm Sabine: De CGDIS zitt säi Bilan

Manner staark wéi erwaart an ugekënnegt huet de Stuerm Sabine an der Nuescht vum 9. op den 10. Februar Lëtzebuerg erreecht. Zur Preventioun hat de CGDIS verschidde Moossnamen ergraff, fir sech engersäits op dat massiivt Schelle vum Telefon virzebereeden an anerersäits d’Interventiounen um Terrain ze koordinéieren.

Schonn am fréie Sonndeg Nomëtteg stoungen d’Ekippe prett fir den Asaz. Iwwert déi ganz Nuecht bis an den Nomëtteg hu fräiwëlleg a professionell Pompjeeën sech mobiliséiert, fir op déi verschidden Appelle vun der Bevëlkerung ze äntweren an ee gréissere Chaos ze verhënneren. Gëschter um 16:00 Auer huet de Bilan folgendermoossen ausgesinn:

  • 2.047 Appelle goufe vum 112 behandelt
  • 239 Mol goufen duerch de Stuerm uechtert Land intervenéiert
  • 61 CISen goufe mobiliséiert
  • 170 Interventioune goufen, duerch hiren net esou drénglechen Zoustand, un Ponts et Chaussées viru ginn
  • 5 Beem sinn op Gefierer an ee Bam ass op den Tram gefall, Blesséierter gouf et keng

Am Laf vum Nomëtteg gouf de GRIMP (Groupe d’Interventioun en Milieu Périlleux) als Verstäerkung fir de CIS Péiteng geruff. Zesummen huet een ee Schaarschtech geséchert an ewech geholl, dee gedreet huet erof ze falen.

An dësem Kader seet een allen nationalen Acteure Merci, déi hiren Engagement gewisen hunn.

Fotoen: De GRIMP mam CIS Péiteng am Asaz © CGDIS

Related topics CGDIS, CIS, Clara, GRIMP, Héichdrock, Meteo, Péiteng, Stuerm Sabine, Wierder
Next post Previous post