Search

You may also like

Flott a wäertvoll: eng Ausstellung éiert d‘Wierk vum Abbé Gloden
Auto Business Neiegkeeten

Flott a wäertvoll: eng Ausstellung éiert d‘Wierk vum Abbé Gloden

Et ginn net vill Vernissagen, déi een emotional esou matrappe

Et gënnt ee sech jo soss näischt
Auto Business Neiegkeeten

Et gënnt ee sech jo soss näischt

An der Nuecht op ee Samschdeg war d‘Police zu Paräis

CNL: De Superjhemp bleift nach eng Zäitchen!
Auto Business Neiegkeeten

CNL: De Superjhemp bleift nach eng Zäitchen!

Duerch de grousse Succès huet den nationale Literaturzentrum zu Miersch

Subaru Outback – Sécher ass Sécher…

Subaru Outback – Sécher ass Sécher…

Fir de japaneschen Automobilkonzern ass eng Saach essentiell an dat ass d‘Sécherheet. Bei Subaru ass ee wuel a ville Punkten attentionéiert, wat de Wonsch vum Client, d‘Ästhetik an zanter kuerzem och déi nohalteg Mobilitéit ugeet, mee un éischter Stell steet d‘Sécherheet vum Kondukter a senge Passagéier. An datt ee de Volet Sécherheet bei Subaru batter eescht hëlt, gëtt ëmmer nees bestätegt.

Outback© Subaru Europe

Esou huet de Modell „Outback“ (2021) sech am Kontext vun de Sécherheetstester (EuroNCAP) déi beschten Noute geséchert. Mat 5 Stären, an dat scho fir déi néngt konsekutiv Kéier, gëllt de Subaru Outback als eent vun de sécherste Gefierer op europäesche Stroossen. An de véier Kategorien, déi zur Grond geluecht fir d‘Evaluatioun ze maachen, läit den Outback wäit iwwert dem Duerchschnëtt.

De Subaru Outback huet an de Kategorien „Sécherheetsassistenten“ wéi och „Schutz vu vulnerabele Passagéier“ den héchste Score erreecht, dee jeemools vun engem Subaru an dësen Tester erziilt gouf an domat net genuch: den Outback kann sech och op déi bescht Resultater beruffen, an de Kategorie „Familljewon“, hei besonnesch betreffend de Schutz vun de Kanner. Et ass een Sécher am Subaru.

Outback© Subaru Europe

Erfreet also och Dir Iech iwwert déi exzellent Renommée vum japaneschen Automobilkonzern, dee widderholl mat beschte Wäerter, fir eng gutt Aarbecht belount gëtt. Doriwwer eraus huet den Outback jo nach ganz vill aner attraktiv Attributer. Standardméisseg bitt de Subaru Outback ganz vill Equipement, zu deem och de Sécherheetsassistent „EyeSight Driver Assist“ gehéiert.

Natierlech feelt och de „Spur-Assistent“ net am Outback, deen iwwert en Tempomat, ee Schëlter-Erkennungsassistent an een automatesche Bremssystem (am Noutfall) verfüügt. Nieft all dëse Systemer huet et zousätzlech de sougenannten „Driver Monitoring System“, deen uecht deet dat de Chauffer net ofgelenkt ass oder ufänkt midd ze ginn. An et huet nach esouvill méi an dësem Won…

Outback© Subaru Europe

Wann et also och bei iech esou lues un der Zäit ass, iwwert een neit Gefier nozedenken, an dat eventuell soll ee Familljewon sinn, deen net nëmme Spuersam, trotz eng probater Agilitéit, ass, mee wuel och de beschte Schutz fir all d‘Insasse vum Auto bitt, jo da wier et net verkéiert sech esou een „Outback“ beim Concessionaire vum Vertrauen unzekucken. Et gëtt jo elo och gutt Leasingsofferen.

Foto: © Subaru Europe

Related topics Auto, Mobilitéit, Outback, Sécherheet, Subaru
Next post Previous post