Search

You may also like

Däitschland: Abschid vun der Steekuel
Neiegkeeten

Däitschland: Abschid vun der Steekuel

Um Freideg hunn eis däitsch Noperen sech vum Ofbau vu

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 19. bis de 25. Abrëll
Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 19. bis de 25. Abrëll

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

Policebericht: Eng ustrengend Silvesternuecht
Neiegkeeten

Policebericht: Eng ustrengend Silvesternuecht

Fir eis Poliziste war de Reveillon zu Silvester eng Nuecht

Subventioune fir de Logement

De Logementsminister Henri Kox wier gäre „Bob de Baumeeschter“ mee huet zwou lénker Hänn

Subventioune fir de Logement

No der Presentatioun vum éischten Tëschebericht zum spezielle Fonds fir d‘Ënnerstëtzung vun der Entwécklung vum Logement, deen am Abrëll agesat ginn ass, huet de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) Subventiounen an Héicht vu 550 Milliounen Euro annoncéiert. Dovunner sinn der schonn 341 ausbezuelt ginn, an 109 Milliounen Euro wieren „engagéiert“ ginn.

Unhand deem gëschter virgeluechten Inventaire, wieren elo scho ronn 3.600 Wunnengen zu engem „abordabele“ Präis gebaut ginn. Et ass rieds vun 308 Projeten a 57 Gemengen. Ee gewëssenen Undeel vun de Projete sinn allerdéngs nach net ofgeschloss. D‘Realisatioun vun de Projete gëtt vun ënnerschiddleche Partner realiséiert, an déi hunn net alleguerten déiselwecht Absichten.

De gréissten Acteur ass „Société nationale des habitations à bon marché“ (SNHBM) dee 34% vun de Projete fir sech an Usproch hëlt. Och de Fonds du Logement ass mat 25% kee klengen Acteur. D‘Gemenge sécheren sech nach 21% vum Logement-Kuch, sollten awer encouragéiert ginn eppes méi ze ënnerhuelen. De Rescht verdeelt sech op Associatiounen a privat Investisseuren.

Gebaut gëtt nach ëmmer vu Promoteuren an déi musse fir all Projet eng Konventioun mam Ministère ënnerschreiwen. Si sinn déi eigentlech Notznéisser vun de Subventiounen, och wann et richteg ass, datt sech de Montant vun der Bäihëllef op d‘Endbestëmmung vum Logement bezitt. Also ob d‘Wunneng verklappt oder verlount gëtt, mécht am Logementsministère en Ënnerscheet.

Vun den 3.600 genannte Logementer sinn der 2.100 fir d‘Locatioun virgesinn, d‘Vente vun den anere Wunnenge gräift op de Prinzip vun der Emphyteose zeréck. Iwwert dësen Ëmwee well den Henri Kox der Spekulatioun entgéinttrieden, well esou den ëffentleche Wunnengspark och géif ëffentlech bleiwen. Esou sollen den zukünftege Generatiounen dezent Präisser geséchert ginn.

Méi Asaz vun de Gemenge gefuerdert

Datt d‘Gemengen eng gréisser Roll spille mussen, fänkt deene meeschten un aus den Oueren ze drëpsen, mee et ass tatsächlech eng vun de Pisten, déi konsequent muss verfollegt ginn. Hei dierf drop higewise ginn, datt d‘Gemenge wuel net déi meeschte Wunnenge bauen, awer de Gros vun all Projeten (117 Projete fir 776 Wunnengen) duerstellen. Et ass net wéi wann se näischt maachen…

Si do mat der SNHBM (43 Projete fir 1.200 Wunnengen) ze vergläiche mécht dofir och kee Sënn, well hei net op de finanziellen Desequiliber opmierksam gemaach gëtt. Zudeem schaffe vill vun de Gemenge mat der SNHBM an/oder dem Fonds du Logement zesummen. Dat gewosst, muss een – d‘Zuele goufe jo net ventiléiert – nees déi vum Minister virgeluechten Zuele relativiséieren.

Iwwerhaapt sollt een déi ganz Zuele vum „Henri de Baumeeschter“ eppes méi a Relatioun mat de Realitéiten um Terrain stellen. De spezielle Fonds dee weider „gefiddert“ gëtt, soll bis 2024 fir de bau vun 3.800 Logementer riicht stoen. Dat si manner wéi 1.000 Wunnengen/Joer, a gebraucht ginn der iwwer 10.000 an zwar all Joer… Et ass natierlech méiglech d‘Awanderung elo auszesetzen.

Dat soll net verhënneren, datt et natierlech scho gutt ass, datt eng ënnerholl gëtt, mee de Problem muss nohalteg geléist ginn. Dat verlaangt ausser Subventiounen, also Geld vun deem och vill privat Promoteure ganz ongenéiert profitéieren, och eppes legislative Courage. D‘Ofschafe vun den FIS wier ee wënschenswäerten, wann och nëmmen éischte Schratt an déi richteg Richtung.

Illustratioun: © United Nations / unsplash

Related topics Fonds du Logement, Henri Kox, Logement, Logementsminister, SNHBM, Subventiounen
Next post Previous post