Search

You may also like

Verséisst dir déi final Staffel vun Unbreakable Kimmy Schmidt dëse Weekend?
Neiegkeeten

Verséisst dir déi final Staffel vun Unbreakable Kimmy Schmidt dëse Weekend?

Unbreakable Kimmy Schmidt war eng vun den éischten Netflix-Sitcoms, déi

D’Regierung muss sech „outen“
Neiegkeeten

D’Regierung muss sech „outen“

Um vergaangenen 3. Mee huet d’Regierung der CGFP hir Zoustëmmung

dislike
Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?
Neiegkeeten

Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?

Wien an der Lescht op Netflix no eppes interessantem fir

Suchtberodung Online: Véier Vereenegunge bidden onkomplizéiert Berodung an Hëllef

Suchtberodung Online: Véier Vereenegunge bidden onkomplizéiert Berodung an Hëllef

D’Sucht huet vill Gesiichter – et kënnen Drogen, kierperlech Aktivitéiten oder souguer déi krankhaft Ofhängegkeet vu Spiller sinn. Wärend et fir d’Ëmfeld schwéier ass, dem Betraffenen a senger Situatioun déi richteg Ënnerstëtzung ze bidden, muss dësen als éischt emol seng Sucht agesinn fir Hëllef ufroen ze kënnen. Zënter Enn 2019 erwiedert dofir Suchtberodung Online d’Lëtzebuerger Offer vun der Suchtinformatioun a Begleedung, an dat digital, gratis an anonym.

Viru 15 Méint ass dës Offer vun der Jugend- an Drogenhëllef, IMPULS an dem cnapa an d’Liewe geruff ginn. Mat Kompetenz a vill Erfarung an de Beräicher Preventioun, Berodung, sou wéi psychosozial an therapeutesch Hëllef ass eng digital Ënnerstëtzung opgebaut ginn, déi sech ufanks mat 6 Substanze beschäftegt huet: Alkohol, Tubak, Cannabis, Heroin, Kokain an nei psychoaktiv Substanzen.

Ma, elo konnt d’Suchtberodung Online säin Handlungsfeld mat der Computerspillsucht an dem pathologesche Glécksspillen erweideren. Heivir konnt een d’Asbl Anonym Glécksspiller als Partner gewannen. Den Dr. Andreas König, Vertrieder vun der Vereenegung erkläert: „Mir freeën eis d’Offer, déi am Dezember 2019 gestart huet, mat eiser spezifescher Erfarung am Beräich vun de Verhalenssüchte ze ergänzen. Duerch déi substantiell a steigend Zuel u Betraffene si pathologescht Glécksspillen, sou wéi Computerspillsucht wichteg Themen an der Lëtzebuerger Gesellschaft.“

Suchtberodung Online

© Steve Sawusch / unsplash

Sucht ass keng Charakterschwächt, mee eng Krankheet

Hie weist drop hin, datt duerch den Internet e vereinfachten Zougang zu Glécksspiller gebuede gëtt, an och d’Zuel un illegalen Automaten an de Caféen geet nees an d’Luucht. Wärend der Pandemie konnt dunn och festgestallt ginn, datt d’Notzung vun digitale Spiller – sief et um Computer, op der Konsol, um Smartphone oder um Tablet – staark geklommen ass. Ob déi jeeweileg Persoun en relativ normaalt Verhalen opweist, just e bësse méi spillt wéi soss oder ob d’Verhale sech zu enger Sucht entwéckelt huet, ka mat Hëllef vu Suchtberodung Online erausfonnt ginn.

Suchtberodung Online

D’Offer ass iwwregens als Internetsäit an a Form vun enger App verfügbar. D’Ekipp aus Psychologen, Psychotherapeuten, Pedagogen, Sozialaarbechter an Erzéier bréngt déi noutwenneg Kenntnisser mat, fir op de Betraffenen anzegoen an eng vertrauenswierdeg Hëllef unzebidden. Nieft der Online-Consultatioun bitt Suchtberodung Online grondleeënd Erklärungen zu de verschidden Sucht-Aarten, ee Selbst-Test an een Online-Journal un.

Zur Haaptzilgrupp gehéiere Jugendlecher an Erwuessener, déi am Alldag mat hirer Sucht konfrontéiert ginn. Ma och d’Ëmfeld vun de Betraffenen kritt Ënnerstëtzung gebueden.

Subventionéiert gëtt Suchtberodung Online vum Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. Nieft de stationären an ambulanten Offeren zu Lëtzebuerg ass dëse Service nämlech eng wichteg Erweiderung, fir emol erauszefannen, ob sech eng Sucht entwéckelt huet, mee och fir gratis an onkomplizéiert no Hëllef ze froen.

Méi zu de Grënnungsorganisatiounen an dem neie Partner

D’Vereenegung Anonym Glécksspiller Asbl ass virun 18 Joer gegrënnt ginn an huet sech 2017 an zwee Beräicher opgedeelt. Wärend „Ausgespillt“ Mënsche mat problemateschem Glécksspillverhalen ënnerstëtzt, läit bei „GameOver“ de Fokus op Mënsche mat bedenklecher Internet- a Mediennotzung. De Psycholog a Psychotherapeut Dr. Andreas König a seng Ekipp aus diploméierte Mataarbechter wäerten ab elo der Suchtberodung Online ënnert d’Ärem gräifen.

An iwwer 30 Joer huet d’Jugend- an Drogenhëllef eng dezentraliséiert an differenzéiert Offer ausgebaut fir Mënschen, déi sech op verschidde Stufe vun hirem Konsum befannen. Och hiert familiäert a soziaalt Ëmfeld ass abegraff. Bei der Presentatioun gouf d’JDH vum Koordinator Günter Biwersi vertrueden.

D’Suchtberodung IMPULS gouf 1997 an d’Liewe geruff a bitt Jugendlechen ab 13 Joer a jonken Erwuessenen bis zu 21 Joer Hëllef un, wa si duerch Drogekonsum opfälleg gi sinn. Och hei kritt den enke Krees vun der betraffener Persoun Ënnerstëtzung gebueden. Nieft der Preventioun kann och eng stationär Therapie a Begleedung am In- an Ausland mam Programm OPTION ugebuede ginn. De René Meneghetti huet IMPULS bei der Konferenz representéiert.

Beim cnapa handelt et sech ëm den nationalen Zenter fir d’Suchtpreventioun (fréier CePT). Säit méi wéi 25 Joer besteet hir Offer aus engem Preventiounskonzept, dem Service FroNo fir Informatiounen, sou wéi Formatiounen a Projeten, beispillsweis a Schoulen, Maison Relaisen oder Entreprisen. D’Direktesch Elena Bienfait huet den Zenter bei der Online-Konferenz vertrueden.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Nadine Teusch, Psychotherapeutin bei „Ausgepillt“ a „GameOver“ bei der Asbl Anonym Glécksspiller; René Meneghetti, Direktiounsbeoptragten vun IMPULS Solidarité Jeunes vun der Fondatioun Solina; Elena Bienfait, Direktesch vum cnapa; Günter Biwersi, Direkter vun der Jugend- an Drogenhëllef © Suchtberodung Online

Related topics Anonym Glécksspiller Asbl, cnapa, Computerspillsucht, Dr Andreas König, Elena Bienfait, Glécksspiller, Günter Biwersi, IMPULS, Jugend- an Drogenhëllef, nationalen Zenter fir Suchtpreventioun, René Meneghetti, Suchtberodung Online
Next post Previous post