Search

You may also like

Clever Solar: Den Turmes am Optrag vun der Sonn
International Neiegkeeten

Clever Solar: Den Turmes am Optrag vun der Sonn

Gëschter huet den Energieminister Claude Turmes nei Detailer zur Campagne

CARE zur Syrien-Konferenz: Humanitär Hëllef onageschränkt erméiglechen!
International Neiegkeeten

CARE zur Syrien-Konferenz: Humanitär Hëllef onageschränkt erméiglechen!

No iwwer néng Joer Krich befënnt sech d’Bevëlkerung a Syrien

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger
International Neiegkeeten

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger

Um Méindegowend huet sech den Emmanuel Macron zu enger Campagne

Süd-Dakota: 56 järege Mäerder higeriicht

Virun 18 Joer haten se scho säi Brudder exekutéiert

Süd-Dakota: 56 järege Mäerder higeriicht

En Amerikaner vu 56 Joer ass e Méindeg mat der „Gëftsprëtz“ am Süd-Dakota higeriicht ginn, esou wéi dat scho virun 18 Joer mat sengem Brudder am Oklahoma gemaach ginn ass.

De Rodney Berget war 2012, wéinst dem Mord vum engem Giischtjen, zum Dout veruerteelt ginn. Dës Dot ass während dem Versuch auszebrieche passéiert. Hien huet dëse Mord vollbruecht, während hien am Prisong eng liewenslänglech Strof – wéinst zweefach versichtem Mord a enger Vergewaltegung – verbéisst huet. Beim Prozess 2012 huet hie gemengt d‘Doudesstrof ze verdéngen.

Hien ass dann e Méindegowend, nodeems de ieweschten amerikanesche Geriichtshaff e leschte Recours, bei deem et ëm dem Rodney Berget seng psychesch Fakultéite gaangen ass, verworf huet, higeriicht ginn. Dës Prozedur a leschter Minutt, hat d‘Hiriichtung ëm 5 Stonne verzögert, mee de Condamnéierten huet, iert et op de Wee iwwert de „Jordan“ gaangen ass, dat mat Humor geholl.

„Sorry fir d‘Verspéidung, ech hunn am Stau gehaangen“, zitéiert den Zeien, Don Jorgensen, den zum Dout veruerteelten. E weideren Zeien, den Dani Ferguson, huet gesot, datt de Rodney Berget, verschiddene Membere vun der Assemblée gesot hätt, datt hie frou mat hinne wier, an bäigefüügt: „Mir gesinn eis dann do Uewen“.

Makaber Familljentraditioun

Mee am Joer 2000, bei der Hiriichtung am Oklahoma, hat dem Rodney Berget säi grousse Brudder sech entscheet de Mond ze halen. De Roger James Berget, ass och mat der Gëftsprëtz higeriicht ginn. Hie war zum Dout veruerteelt ginn, well hien 1985 e Mathe-Proff, deem hien eigentlech just den Auto klaue wollt, ëmbruecht hat.

Aus der Press vun deemools, war gewuer ze ginn, datt kee vun der Famill bei der Hiriichtung derbäi war. Bei der Consultatioun vun den amerikanesche Medien, war gewuer ze ginn, datt béid Bridder an enger „dysfunktioneller Famill“ opgewuess sinn. Eng Kandheet gezeechent vu Gewalt an Alkoholmëssbrauch, an de grousse Brudder soll mat 10 Joer vum Papp vrun d‘Dier gesat gi sinn.

Dës „Ëmstänn“ ware bei de Verhandlunge wuel virgeluecht ginn, hunn sech awer net op d‘Uerteel ausgewierkt. Interessant am Fall Rodney Berget: et ass déi éischt Exekutioun vum Süd-Dakota säit 2012. Mat der Hiriichtung vun e Méindeg, kommen d‘USA dëst Joer op insgesamt 19 Mënschen déi exekutéiert gi sinn. De leschte bis dohinner war am August a Florida higeriicht ginn.

mat AFP

Related topics Doudesstrof, Hiriichtung, Rodney Berget, Roger James Berget, Süd-Dakota, USA
Next post Previous post