Search

You may also like

De Gilles BAUM leet säi Schäffeposten nidder – De Ben RIES als Nofolger virgeschloen
International Neiegkeeten

De Gilles BAUM leet säi Schäffeposten nidder – De Ben RIES als Nofolger virgeschloen

D’DP-Jonglënster deelt mat, datt d’Schäfferotsmandat vum Gilles Baum an der

Honnertste Gebuertsdag vum Här Leopold Schlim
International Neiegkeeten

Honnertste Gebuertsdag vum Här Leopold Schlim

Um 26. Oktober 2018 huet den Här Leopold Schlim am

Nëmmen e Mëssverständnes?
International Neiegkeeten

Nëmmen e Mëssverständnes?

Eng Regentin an eng Damm déi et gäre „riicht eraus“

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung

Den Awad Ibn Auf huet säi Récktrëtt annoncéiert, den US-Sécherheetsrot ass besuergt

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung

D‘Sudanese waren es dem Omar al-Bashir midd an hu méintelaang Demonstréiert. Dës Woch huet d‘Arméi d‘heft an de Grapp geholl, a si hunn de President aus dem Amt geputscht fir e Militärrot anzesetzen. Dee sollt 2 Joer d‘Muecht iwwerhuelen, iert dann nees zu Wahle sollt kommen.

Eng Approche déi esou net vum Vollek gedeelt gëtt. Dat fuerdert mat weidere Manifestatiounen eng Zivilregierung, a schéngt decidéiert auszehale bis es zu engem wierkleche politesche Wiessel an dësem Land kënnt. Zu Khartum si jugendlecher zu dausenden duerch d‘Stroosse gezunn, maachen sech géigesäiteg Mutt a schéngen erkannt ze hunn, datt si „eng Kraaft“ sinn déi verännere kann.

Um Donneschdeg war de Generol-Leutnant Awad Ibn Auf zum Virsëtzende vum Militärrot ernannt ginn, mee deen huet um Dag duerno säi Récktrëtt ugekënnegt. Dat net fir enger Zivilregierung de Wee fräi ze maachen, mee an éischter Linn, fir d‘Eenheet vun der Arméi ze erhalen. De Militärrot bleift bestoen, de neie Mann un der Staatsspëtzt gëtt den Infanterie-Generol Abdel Fattah Burhan.

Virum „Wiessel“ hat den Awad Ibn Auf nach d‘Festnam vum Omar al-Bashir bekannt ginn. Hien deen 30 Joer laang de Sudan am Wiergegrëff hatt – well dat vun der Weltgemeinschaft toleréiert ginn ass – sollt sech virum internationale Geriichtshaff (ICC) zu Den Haag fir all seng Verbrieche misse veräntwerten. Den Ament awer huet d‘Arméi den Omar al-Bashir ënner Hausarrest gestallt.

Déidleche Protest

Beim Protest deen sech elo géint de Militärrot riicht, kënnt et zu Gewalt an Zesummestéiss mat de Sécherheetskräften. Laut deene vun der Police virgeluechten Zuelen, wieren zanter en Donneschdeg 16 Mënschen zu Dout komm. Vun engen 20 méi schwéier Blesséierten ass och bericht ginn. Virfäll wéi de Versuch Regierungsgebaier ze stiermen oder Privatbesëtz ze zerstéieren, wieren d‘Ursaach.

De Leader vum politesche Gremium vum Militärrot, Omar Sain al-Abdin, huet versicht d‘Vollek ze berouegen: „Mir hunn net d‘Ambitioun un der Muecht festzehalen. Ech schwieren, datt mir d‘Fuerderunge vun de Mënschen ënnerstëtzen. (…) Mir hunn d‘Kontroll iwwerholl fir d‘Land no vir ze bréngen an wäerten nëmmen esoulaang wéi néideg un der Muecht bleiwen“.

Fir de Khalid Omer, Generalsekretär vun der sudanesescher Kongresspartei, ass dat Geschwätz. Et hätt virum Putsch Kontakter zu de Militär ginn, mee kee vun den Zaldote wier un enger politescher Léisung interesséiert gewiescht, firwat et zum Putsch komm ass. Hie bezweiwelt, datt eng Muecht déi all verfassungsméisseg Institutiounen opléist an den Ausnamezoustand ausrifft, no Dialog sicht.

Stëmmen aus dem Ausland

Aus dem Ausland gëtt dem Wonsch no engem „demokratesche Muechtwiessel“ Rechnung gedroen. D‘EU-Kommissärin fir Aussenugeleeënheeten, Frederica Mogherini, profiléiert sech leider mat standardiséierte Wuert-Bausätz a mengt: „Nëmmen e glafwierdege politesche Prozess kann den Erwaardunge vun der sudanesescher Bevëlkerung gerecht ginn“. Zumindest huet si eppes gesot…

Säitens der afrikanescher Unioun (AU) wier eng Muechtiwwernam duerch d‘Arméi net richteg Äntwert op d‘Fuerderunge vum sudanesesche Vollek. Och hei war méi „Statement“ net dran zudeem an dësem „Veräin“ och eng Rei Autokraten e Wuert matzeschwätzen hunn. Demokratie huet am Kontext vun der Unioun vun den afrikanesche Staaten, vill mat Interpretatioun ze dinn.

Den US-Ausseministère verlaangt datt sech Zivilisten um Militärrot bedeelegen, an datt d‘Vollek misst entscheeden, wien an Zukunft bestëmmt. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres wënscht sech en ëmfaassenden Iwwergangsprozess, a rifft all implizéiert Acteuren op mat Beduecht a Rou virzegoen. Um Freideg ass dann och zu enger Sëtzung vum Un-Sécherheetsrot komm.

Ausliwwerung un den Haag

A senger Drénglechkeetssëtzung huet den UN-Sécherheetsrot iwwert d‘Situatioun am Sudan debattéiert. De Gremium huet sech „besuergt“ gewisen – wéi ëmmer wann eng Sitautioun antrëtt déi bekannt sollt gewiescht sinn – mee konnt sech zumindest drop eenegen, datt de Sudan en ëmfaassende politesche Wandel brauch. E Militärrot un der Muecht ass och hinnen net geheier.

Zudeem sinn se am UN-Sécherheetsrot „frustréiert“. Den däitschen Un-Botschafter Christoph Heusgen, deen den Ament de Virsëtz vun dësem Gremium huet, erënnert drun, datt et gültegen Haftbefehl géint den Omar al-Bashir gëtt, an esouwuel d‘Resolutioun wéi den Haftbefehl och weiderhi Bestand hunn. Mee de sudanesesche Militärrot weigert sech vehement „auszeliwweren“.

Ob sech de Militärrot elo un der Muecht hält oder op déi „gutt Rotschléi“ aus dem Ausland wäert agoen? Eng Äntwert wäerten déi nächst Woche bréngen. Et dierf een awer sécher sinn, datt esou opbruecht wéi d‘Sudanesen et den Ament sinn, net esoubal mat Normalitéit ze rechnen ass. Si hunn et awer emol an der Hand. Et dierften awer nach Méint vergoen, bis e reellen Dialog méiglech ass.

mat indymedia/cai/lon

Related topics Generol-Leutnant Ahmed Awad Ibn Auf, Militärputsch, Omar al-Bashir, Sudan
Next post Previous post