Search

You may also like

Bam vum Joer 2020: Elo gëtt déi Falsch Akazie gefeiert, oder och net
Fail Neiegkeeten

Bam vum Joer 2020: Elo gëtt déi Falsch Akazie gefeiert, oder och net

Déi Falsch Akazie, oder och Robinia pseudoacacia – se mécht

Sportlech doheem: op der Tëleeschaîne „esch.tv“ kritt dir gewise wéi et geet
Fail Neiegkeeten

Sportlech doheem: op der Tëleeschaîne „esch.tv“ kritt dir gewise wéi et geet

Well natierlech och déi sëlleg Sportsaktivitéiten an de Veräiner aus

De Wirtschafts- a Sozialrot zum Télétravail
Fail Neiegkeeten

De Wirtschafts- a Sozialrot zum Télétravail

Et ass jo elo gewosst, datt d‘Regierung am allgemengen, den

dislike

Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht

Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht

Déi Lénk aus der Gemeng Suessem hu richteg festgestallt, datt de Wahlkampf eriwwer ass, déi eenzel Koalitioune fest stinn oder esou gutt wéi. Si sinn dann och gespaant wat et an de verschiddene Koalitiounsprogrammer nozeliese wäert ginn.

Si sinn natierlech besonnesch virwëtzeg op de Koalitiounsaccord tëscht der LSAP an der CSV zu Bieles. Op hiren Optrag an der Oppositioun sinn se gutt agestallt an och bereet weider konstruktiv fir Wuel vun der Gemeng matzeschaffen.

Datt mam Myriam Cecchetti, wat vun déi gréng zu déi Lénk gewiesselt huet, nieft enger engagéierter Sozialpolitik och den ökologesche Beräich net wäert vernoléissegt ginn, dovunner dierf ee getrouscht ausgoen. Et spréngt ee schliisslech net iwwert säin eegene Schiet.

Net schlecht gestaunt awer hunn se bei déi lénk, wéi se d’Bréifkëscht eidel gemaach hunn. Hei war d’Informatiounsblat 131 vun der Gemeng Suessem ukomm. U sech ass et de Gemengebuet an deen enthält déi wichteg Debatten aus dem Gemengerot.

Hei ass et da besonnesch d’Debatt zu der Ëmgoeungsstrooss vu Käerjeng an de sozialpoliteschen Eclat ronderëm de Projet „Eis Epicerie“, déi den Inhalt vum Buet interessant maachen. D’Debatten haten awer schonn de 7. Juli, an der leschter Sëtzung virun de Wahle stattfonnt.

Elo froen sech déi Lénk vu Suessem zurecht, wéi et dozou kënnt, datt de Buet eréischt eng Woch no de Gemengewahle bei de Bierger an der Bréifkëscht lant. A wann een den Inhalt dann elo och kennt, gëtt verständlech, datt ee sech wonnert. Hei wiere vill Informatiounen dra gewiescht, déi dem Wieler d’Aen opgemaach hätten. Do wier et an der Wahlkabinn ënner Ëmstänn anescht ausgaangen.

Fir déi Lénk richt dat ganzt no „Gemauschels“. E parteipolitesche Plang fir weidere Kollateralschied aus de Féiss ze goen. E faire politesche Wahlkampf gesäit dann och fir déi Lénk anescht aus. Dem Wieler wichteg Informatioune virzëenthale wier eng Praxis déi een esou vun der LSAP net erwaart hätt.

Related topics Bréifkëscht, déi lénk, LSAP, Myriam Cecchetti, Suessem
Next post Previous post