Search

You may also like

Streik an de Fleegeheimer: Zu Beetebuerg verhäerten sech d‘Fronten
Kultur Neiegkeeten

Streik an de Fleegeheimer: Zu Beetebuerg verhäerten sech d‘Fronten

E Freideg huet den OGBL, am Kontext vum Streik am

D’Wirtschaft schéngt sech ze erhuelen
Kultur Neiegkeeten

D’Wirtschaft schéngt sech ze erhuelen

Den Expansiounszyklus geet weider, e gëtt begleet vu Rekordaktivitéitsschätzungen, zemools

En digitalen Nationalfeierdag 2020
Kultur Neiegkeeten

En digitalen Nationalfeierdag 2020

D’Festivitéiten op Nationalfeierdag wéi mir se gewinnt sinn, falen an

Suffocation a Belphegor an der Kufa – God Dethroned an Dark Rise als Support!

Suffocation a Belphegor an der Kufa – God Dethroned an Dark Rise als Support!

Kommenden Dënschdeg, wäert Lëtzebuerg ganz am Zeeche vum Black Death Metal Feier stoen. Mat Suffocation a Belphegor kréien d’Fans an der Escher Kulturfabrik nees haart Musek an d’Ouere gedonnert!

Et kéint een et och een Owend mat der Crème de la Crème vum Death a Black Metal nennen. Dofir muss een iwwert dës legendär Gruppe scho bal net méi vill soen, ausser datt si uerdentlech Stëmmung verbreede wäerten. Am leschte Joer hu Suffocation schonn hiren 30. Gebuertsdag Bühnepresenz feieren dierfen – als Cadeau kruten d’Fans den Album „…of The Dark Light“.

A Kombinatioun mat Belphegor, déi virun allem duerch hir donnernd Live-Optrëtter immens gutt ukommen, wäert dësen Owend esou richteg wéi doen. Mat düsterer Atmosphär, haarde Gittar-Riffs an dreiwende Beats sollt een sech op alle Fall duerch d’Lautstäerkt mat Ouerestëpp ëm d’Wuel vun den Gehéiergäng suergen!

Weider Informatiounen

De Concert ass en Dënschdeg, de 16. Abrëll, d’Diere ginn um 18:30 Auer op. De Virverkaf kascht 27 €, an der Oweskeess läit ee bei 30 €. Fir weider Detailer sollt een HEI laanscht kucken. Mir wënsche vill Spaass!

Related topics Belphegor, Dark Rise, Death Metal, God Dethroned, Kulturfabrik, Suffocation
Next post Previous post